Am Gespréich mam Blanche Weber goung et ëm hiren eegenen Engagement, dee vun de Jonken, den Ëmgang mat Kritik an d'Ëmweltpolitik vun der Regierung.

Zanter 2003 ass d'Banche Weber Presidentin vum Mouvement écologique. An där Funktioun ass si quasi d'Gesiicht vun der Ëmweltschutzorganisatioun a vertrëtt dëser hir Positiounen no baussen.

Ma hiren Engagement fir de Schutz vun der Ëmwelt huet scho wäit virdrun ugefaangen. Éier si bei de Mouvement écologique komm ass, war si schonn an der deemoleger Jugendsektioun "Jeunes et Environnement" aktiv, wou si sech direkt wuel gespiert huet: "Ech hu mech einfach opgehuewe gespuert mat Leit, déi un déi selwecht Idealer gegleeft hu wéi ech."

Zu där Zäit hat d'Blanche Weber dann och e Fernseereportage mam deemolegen Ëmweltminister Robert Krieps a mam deemolege President vum Mouvement, dem Théid Faber gesinn, an deem et ëm d'Bëschstierwe goung an e weideren, dee sech mat Gemengepolitik a Biergerbedeelegung beschäftegt huet. Dës Relatioun, tëscht Demokratie an Ëmweltschutz huet si zanterdeem net méi lassgelooss:

"An du war ech gecatcht, well ech muss soen, wat ech passionant fannen an eisem Engagement hei, dat ass d'Zesummestoe vu Leit mat gemeinsame Wäerter, den Éierenamt, d'Verbindung tëschent Demokratie a Schutz vun Natur an Ëmwelt."

Succès beim Tram an den Naturreservater, ma eng Degradatioun vun der ekologescher Gesamtsituatioun

De Mouvement écologique wëll dann och d'Politik esou beaflossen, dass dës bei hiren Decisiounen d'Volete Klima- Ëmwelt an Aarteschutz matdenkt an deementspriechend Mesuren decidéiert. Dat mécht een elo schonn zanter 50 Joer erkläert d'Blanche Weber, déi dëse kontinuéierlechen Engagement dann och als gréisste Merite vun der Organisatioun gesäit.

Et hätt een dann och scho vill konkret Erfolleger erreecht. Virun 30 Joer wiere Sujete wéi d'Solarenergie oder den Ausbau vum Ëffentlechen Transport nach belächelt ginn. Dass béides haut anescht wier, hätt domat ze dinn, dass de Mouveco - an divers aner Acteuren - e laangen Otem gewisen, a béid Theme kontinuéierlech beaarbecht hätten.

Een Dossier, bei deem ganz kloer wier, dass den Engagement vum Mouvement zu enger konkreter Verännerung um Terrain gefouert huet, wier den Tram::

"D'Iddi vum Tram ass vun eis gebuer ginn. Mir haten eng Etüd zesumme gemaach mat der FNC d'Transportgewerkschaft, mat "Tram ASBL" deemools, wou mir vill Geld an d'Hand geholl hunn fir eis ASBL a gesot hunn: 'mir brauchen en Tram.' A ganz éierlech, wat war deemools alles lass: 'Nee, deen notzt keen!' An och d'Politiker, déi elo de Bändche geschnidden hunn, déi waren och deemools absolut dogéint. Et erënnert ee sech nach drun, dass deemools Bussen an der Stad uneneegestréckt gi sinn, fir ze weise wéi schrecklech elle laang en Tram wär, dat géing jo näischt bréngen. An et muss ee lo kucken, an ech mengen och den Tram ass net nëmmen, et gëtt och natierlech Politiker, déi sech staark gemaach hunn, awer och ganz, ganz staark de Mouvement, deen, wann ee geduecht huet: 'Elo versippt den Dossier.' Dann hu mer eng Ëmfro gemaach, dann hu mer eng nei Broschür gemaach, dann hu mer e Communiqué gemaach, dann hu mer Aktioune gemaach. A mir sinn dru bliwwen."

En aneren Dossier, bei deem ee d'Resultat vun der eegener Aarbecht géing gesinn, wier dee vun den Naturparken. Wéi d'Iddie vun dësen opkomm ass, wier et eng enorm Stëmmung géint se gewiescht. D'Leit hätte gesot, dass si keng Indianer-Reservater wéilten. Et hätt een deemools vill Energie dra gestach, d'Leit vum Géigendeel ze iwwerzeegen:

"A mir si wierklech deemools vu Gemeng zu Gemeng gaangen a mir gesot: 'Mir gesinn den Naturpark, absolut de Contraire wéi den Indianer-Reservat, mee als en Entwécklungsinstrument vun der Regioun, wou een d'Identitéit vun der Regioun, wéi d'Ekonomie ukuerbelt, awer natierlech och d'Natur."

Mam Marco Schank wier een deemools op e Buergermeeschter gestouss, deen a Saachen Ëmwelt ganz engagéiert gewiescht wier, sou dass engem dee Match gelonge wier. Haut géing et keng Kritik méi un den Naturparke ginn.

Ganz allgemeng wier et dem Mouvement écologique och gelongen, d'Ekologie am Bewosstsinn vun der Gesellschaft ze verankeren. Ausserdeem hätt een antëscht e gudden Austausch mat de Gewerkschaften. Fréier wieren d'Leit nach vun engem Antagonismus tëscht Aarbechtsplazen an Ekologie ausgaangen, ma haut géing ee mat de Gewerkschaften zesumme Pressekonferenzen organiséieren an et wier en allgemengt Bewosstsinn do, dass Ekologie a Soziales zwou Säite vun der nämmlechter Medail sinn.

Ma obwuel d'Bewosstsinn fir d'Ekologie an der Gesellschaft geklomme wier, wier et awer zu enger Degradatioun vun der ekologescher Gesamtsituatioun komm:

"Mee, et muss jo leider e "Mee" kommen, an där ganzer Zäit muss ee soen, wa mir haut nach géinge liewe wéi 87, dann hätte mer CO2 am Grëff. Deemools ware mer relativ gutt, also net perfekt. Do war den Zoustand vun eiser Biodiversitéit vill besser, an där Zäit sinn och zu Lëtzebuerg zeg Aarten ausgestuerwen, zeg Liewensraim."

"Par rapport zum Challenge, virun deem dës Regierung steet, wat d'Ufuerderunge sinn, verseet se wierklech total."

Wat d'Relatioun zu der aktueller Regierung betrëfft, wier een als Mouvement "extreem kritesch". Ob mam Enn vun der Dräierkoalitioun eng gréng Handschrëft an der Regierungsaarbecht verluer gaangen ass, wier schwéier ze soen, ma trotzdeem fënnt d'Presidentin vum Mouveco däitlech Wieder:

"Wat ech awer géif soen: dës Regierung ass enorm schlecht. Dat kann ee Mol festhalen a se ass virun allem och enorm schlecht, et ass jo esou, mir hunn an de leschte Joren d'Decisiounen ëmmer verschleeft: 'Nir maache lo Mol dat méiglecht a mer kucken... jo mer maachen eist Bescht.' De Problem ass just all Joers, wou mir eist Bescht maachen an eist Bescht geet net duer, huet sech alles verschlëmmert. An dat ass esou. A wat mir méi verschleefen, wat mer méi séier, méi dréngend, méi konsequent mussen handelen. A par rapport zum Challenge, virun deem dës Regierung steet, wat d'Ufuerderunge sinn, verseet se wierklech total."

Mat de viregte Regierunge wier den Dialog och zum Deel an anere gewiescht, et wieren aner Themen opkomm. Aktuell géif de sougenannte pragmateschen Ëmweltschutz alles iwwerdecken. Dat géing bedeiten, vereenzelt Saachen ze maachen, déi vläicht och nach gutt wieren, ma et géif e kloert Bekenntnis zu enger Politik feelen, déi wierklech CO2 aspuert. Et géif nëmmen d'Ausso kommen, dass een d'Leit net wéilt nerven. Ma en Ëmweltschutz, deen d'Leit net nervt, wier een, bei deem d'Politik Konsequenzen zitt. Ma déi aktuell Regierung géing an engem extreemen Ausmooss hir Responsabilitéit net huelen.

Dat géif kloer ginn, wann ee sech d'Reaktioun op de provisoresche Klimarapport fir 2024 ukuckt. Bei den CO2-Emissioune wier, ee wéinst den Abréch wärend Corona global gesinn nach am Soll vun den Ziler. Ma an der Industrie wieren d'Emissiounen an de leschte fënnef Joer geklommen an och am Bau wiere se ze héich. Ma wat ee méi laang waarde géing, bis een do eppes mécht, wat d'Reaktioun misst méi drastesch ausfalen. D'Naturgesetzer wieren net verhandelbar, och wann een den Androck huet, dass dës Regierung dat géing mengen.

Ma wann een a Saachen Ëmweltschutz keng Neel mat Käpp mécht, hätt dat dramatesch Konsequenzen. Wann d'Klima kippt, kéint ee sech an engem räiche Land wéi Lëtzebuerg nach e bëssen upassen, ma bei engem massive Biodiversitéitsverloscht géing dat anescht ausgesinn:

"Wann d'Biodiversitéit kippt, wéi se lo amgaangen ass, sech ze degradéieren, mee da kënne mer apaken, do geet et wierklech nach méi ëm d'Iwwerliewe vum ganze Planéit. Ech weess et soll ee keng...Et däerf jo net Katastrophismus maachen, seet een, mee et muss een awer och d'Realitéit soen, an d'Realitéit ass, mir sinn um Punkt, dass de ganze System futti geet."

Déi gutt Noriicht wier awer, dass et eng Panoplie u Mesurë géif, fir d'Situatioun ze verbesseren:

"Regional Landwirtschaft, Biolandbau, e bësse manner Fleesch iessen, do geschitt engem jo näischt, eemol d'Woch Fleesch geet gesondheetlech duer, fir d'Ëmwelt ass et besser, dat ass jo net schlëmm. Méi Duerchgréngung vun eisen Uertschaften, do hu mer all eppes dovun. Dat heescht, jo, mir musse vill maachen, d'Moossnamen, dat ass jo net schlëmm."

Et géif vill konstruktiv Mesuren, ma d'Regierung géif dee Message net no bausse kommunizéieren.

D'Léise vun der Logementskris an Ëmweltschutz wieren zesumme méiglech

Dacks héiert ee jo och, dass den Ëmweltschutz der Léisung vum Logementsprobleem géing am Wee stoen. Hei ass et vum Blanche Weber de Message, dass ee kloer an enger Logementskris wier, déi et ze léise gëllt. Ma et wier an deene seelenste Fäll wéinst der Ekologie, dass verschidde Bauprojeten net duerchginn. Dat géing een och héieren, wann ee mat Entrepreneuren oder Architekte schwätzt: " Et ass oft net d'Ekologie, An deene seelenst... et stëmmt heiansdo. Mä et ass d'Bürokratie och éierlech gesot d'Ministèren, déi eng Kéier Pläng verléieren, do wou et éiweg dauert, Decisiounen, déi net zréckkommen, also do géif et vill ze maachen."

Iwwer allem géif awer de Probleem vun engem massive Populatiounswuesstem stoen:

"Wa mir weider esou zouhuelen an der Awunnerzuel, da kréie mir näischt an de Grëff. Da kréie mir d'Mobilitéit net an de Grëff, esou vill kréie mer se net ausgebaut. Da kréie mer de Logement net an de Grëff. Mir kréien, dat weist sech ëmmer méi, Santé, Justiz, Schoul, mat allen Niveauen, krackt et, well mer ze vill wuessen."

Wat konkret Mesuren ugeet, stéingen tëscht  fënnef an zéng Prozent vun den Haiser eidel. Hei misst een et méi einfach maachen, ze renovéieren, andeems ee verschidde Reglementer géing méi large maachen, ënner anerem wat d'Héicht vun de Raim ugeet. Et misst een déi eidel Haiser mobiliséieren. Dat géing weidere Wunnraum schafen, ouni ze vill CO2-Emissiounen ze verursaachen. De Gros vum CO2 gëtt nämlech beim Baue vum Haus ausgestouss.

Eng aner Pist, op déi ee misst goen, wier et d'Baulücke konsequent zouzebauen. Wann een hei géing wäertvoll Flächen zerstéieren, géif et d'Méiglechkeet vu Kompenséierungen.

Den Ëmgang mat Kritik

D'Fuerderunge vum Mouvement écologique Suergen och alt fir hefteg Kritik. Als Presidentin ass d'Blanche Weber dacks déi éischt Persoun, déi dësen negative Feedback ze spiere kritt. Och an der Kommentarsektioun hei um Site, gëtt et dacks hefteg Kritik un hiren Aussoen. Do géif si en Ënnerscheed an der Zort vun de Kommentare maachen:

"Wat dann elo Är Kommentare betrëfft, muss ech éierlech soen, sachlech a rationell Kommentare loossen ech u mech erun, well ech dat wichteg fannen, déi Meenung ze héieren. Awer déi gehässeg, 'wat seet hatt dann do', an heiansdo si se jo och sexistesch, fannen ech, dass RTL se och misst verbidden. Ech fannen net, dass iergend een, deen um Mikro ass, dat néideg huet."

Hire wichtegsten emotionale Repère wieren awer net d'anonym Kommentaren, mä déi vill Fräiwëlleg, déi beim Mouvement écologique hëllefen. Doriwwer eraus, wier et och de positive Feedback, deen d'Leit hir Mol perséinlech matdeelen, dee si géif an hirer Aarbecht motivéieren:

"An dann, vläicht héieren dat och elo Leit, déi dat gemaach hunn, heiansdo wann ech dobausse sinn, da schwätze Leit mech un. An do soen se: 'So Madamm Weber, ech wollt ech just soen, Dir maacht e gudde Match.' An dat si lo net all Woch, gell. Mee déi puer, déi dat maachen, ass och ganz...an ech hänke mech ganz éierlech un deenen op. Och well ech dat och immens léif fannen."

"'Youth For Climate' ass vun der leschte Regierung gutt veraascht ginn."

E Samschdeg waren a ville Länner uechter Europa Klima-Demonstratiounen, ma zu Lëtzebuerg ass et roueg bliwwen. Sinn déi Jonk a Saache Klima- an Ëmweltschutz manner engagéiert ewéi nach virun e puer Joer, wéi "Youth for Climate" nach op d'Stroosse gaangen ass?

Et géif duerchaus nach vill engagéiert Jugendlecher ginn, betount d'Blanche Weber, dat géing een an der Jugendsektioun vum Mouvement "Moove" selwer gesinn. Ma et géif awer eng Partie Grënn dofir, dass déi Jonk sech a Saachen Ëmweltschutz manner ëffentlechen Engagement aginn.

Ee Faktor wier d'Schoul. Et géif wuel Proffe ginn, déi Sujete wéi Ekologie op eng ganz engagéiert Manéier géife behandelen. Ma d'Schoule géifen am Allgemengen net genuch zouloossen, dass déi Jonk Selbstwierksamkeet léieren: "Dat heescht mierken, datt wann ech mech engagéieren, wann ech mech zu Wuert mellen, wann ech ee Projet wëll ugoen, dat genuch ze mierken, dat bréngt eppes."

Da géif nach dobäi kommen, dass et haut vill méi schwéier wier fir déi Jonk, hir Plaz an der Gesellschaft ze fannen. Nieft der Klima-Angscht, déi bei jonke Leit wierklech erdréckend wier, wier et haut vill méi schwéier ewéi fréier eng Aarbecht an eng Wunneng ze fannen. Dat géif vill Kraaft kaschten, déi da fir en Engagement géing feelen.

Trotzdeem géing et genuch Analysen, och vun der Uni Lëtzebuerg, déi weisen, dass déi Jonk sech staark fir Politik géingen interesséieren, ma dacks wier et d'politesch Sprooch, déi si géing depasséieren.

Doriwwer eraus wier den Ëmgang vun der leschter Regierung mat "Youth For Climate" net éierlech gewiescht:

"'Youth For Climate' ass vun der leschter Regierung gutt veraascht ginn. Ech kann dat esou soen. Op eemol si si op déi komplizéiertst Reuniounen ageluede ginn, richteg mëssbraucht ginn, wéi wa si ee Fach-Gremium wären. Dat si Jonker, déi hir Stëmm wollten erhiewen, fir de Klima, dat waren net op eemol... Ech hunn dat jo matkritt, se hu sech oft hei gesinn, bei eis am Haus. Jo, da waren déi erëm fir allméiglech Foren, se sollten esouguer eng Kéier eppes zum Index soen. Mä jo, Merde, dat si Jonker, déi sech wëllen engagéieren. Dat war der Saach net fërderlech."

Am Allgemenge wier bei de Reuniounen tëscht Youth For Climate an der leschter Regierung näischt erauskomm. Dat hätt sech erëmgeschwat a fir vill negative Feedback ënnert deene Jonke gesuergt.

Wat Demonstratioune vun e Samschdeg ugeet, wier et och esou, dass den Datum e puer Deeg nom Schoulufank fir Lëtzebuerg géing schlecht leien.

Engagement ass ustrengend, gëtt engem awer och Satisfaktioun

Wat hir eegen Zukunft ugeet, verstoppt d'Blanche Weber net, dass de Mouvement écologique, d'nämmlecht ewéi vill aner Organisatioune virun der Erausfuerderung steet, Nofollger dir d'Responsabilitéitsposten, wéi deem vum President opzebauen. Hir Nofolleg géif awer net immanent zur Debatt stoen. Bis et esouwäit wier, géif hiren Engagement hir jiddwerfalls eng grouss Satisfaktioun ginn:

"Engagement ass oft ustrengend, d'privat Liewe geet et alt ze kuerz, mee quant au fond ass et awer eng Beräicherung ze soen: 'jo, ech setze mech fir eppes Guddes an.' Wann ech an den Tram klammen, denken ech dach heiansdo: 'jo, dee gëtt et och wéinst iech' oder ech mengen och, wann an zéng Joer eis Stied hoffentlech méi gréng sinn, ass et och, well mir konstant där Fotoe verëffentlechen 'Mat Gréngs, ouni Gréngs, wéi waarm ass et'. An dat gëtt Kraaft. An nach eng Kéier dat Zesummesinn."