Géint 18 Auer e Samschdegowend ass et um CR320 zu engem déidlechen Accident komm.

E 24 Joer ale Motocyclist ass hei gestuerwen. Éischt Informatioune vun der Police deiten drop hin, dass de Mann an enger laanger Lénkskéier mat sengem Gefier an de Gruef nieft der Strooss geroden an duerno an e Bam gerannt ass. Hien ass trotz enger versichter Reanimatioun nach op der Plaz gestuerwen.

Op Uerder vum Parquet war de Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police op der Plaz. Et wäert eng Autopsie vum Verstuerwene gemaach ginn.

D'Streck war fir den Trafic gespaart, bis den Accident geraumt war.