Nei Kaart vu Kommunikatiounsreseauen5G-Reseau virun allem am Süde gutt ausgebaut

RTL Lëtzebuerg
Et gëtt eng Kaart, op där ee ka kucken, ewéi gutt oder manner gutt d'Kommunikatiounsreseauen zu Lëtzebuerg sinn.

Dat huet den Institut Luxembourgeois de Regulation (IRL) e Mëttwoch matgedeelt. Zil wier et, d’Utilisateuren iwwert d’Presenz vun Infrastruktur fir fix a mobil Telecom-Reseauen ze sensibiliséieren. D’Kaarte sinn um Site vu Geoportail.lu ze fannen. Et erfuerdert e bësse Kënnen, fir d’Kaarten ze fannen an z’affichéieren, mee et ass interessant. Aktuell ginn et do awer technesch Problemer.

Eng Kaart weist zum Beispill, ewéi gutt de 5G-Reseau opgeholl gëtt. Hei gesäit een, datt ee groussen Operateur en exzellente 5G Reseau am Süde vum Land huet, an der Haaptstad an an der Nordstad, do also wou och am meeschte Leit wunnen. De 5G vun zwee aneren Operateure schéngt däitlech méi schwaach ze sinn.

PDF: Communiqué vum ILR

Back to Top
CIM LOGO