CGDIS6 Blesséierter bei 4 Verkéiersaccidenter

RTL Lëtzebuerg
Am Houwalder Tunnel ass et zu engem Accident komm an op der Streck tëscht Groussbus a Viichten.
© CGDIS-Archiv

Sechs Blesséierter bei véier Verkéiersaccidenter mellt de CGDIS zanter e Freideg den Owend.

Géint 21.15 Auer e Freideg den Owend gouf et en Accident am Houwalder Tunnel op der Tréierer Autobunn, Direktioun Tréier. Zwou Persoune goufe verwonnt.

Géint 3 Auer an der Nuecht op e Samschdeg sinn d’Secouristen tëscht Groussbus a Viichten geruff ginn. Och hei gouf et zwee Blesséierter. Een Automobilist hat d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer a war an engem Bësch un d’Stoe komm. Den Alkoholtest beim Chauffer war positiv, well de Wäert ënner 1,2‰ louch, gouf de Führerschäin net agezunn.

Géint 20 op 5 war an der Éilerenger Strooss zu Monnerech een Automobilist mat sengem Gefuer an e geparkten Auto gerannt. Eng Persoun gouf blesséiert.

An dann ass e Samschdeg de Moie géint 10.20 Auer um CR338 zu Hengescht ee Motocycliste mat senger Maschinn gefall. Och hie gouf blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO