Drogekriminalitéit zu Lëtzebuerg6 Persoune goufen an de leschten 2 Woche festgeholl

RTL Lëtzebuerg
An Kader vun der Lutte géint d'Drogekriminalitéit, goufen e leschte Freideg eng Partie Kontrolle gemaach, dat haaptsächlech bei der Gare an der Stad.
© Police Grand-Ducale

Kontrolléier gouf tëscht 15:00-24:00 Auer an der Avenue de la Gare, der Avenue de la Liberté sou wéi an der Rue de Strasbourg. Niewent de Beamte waren och zwee Hënn am Asaz.

Ënnert anerem gouf e sougenannte Bodypacker festgeholl, dat op Uerder vum Parquet. Dësen hat 7 Kugele Kokain bei sech, Boergeld an en Handy. Dobäi koum e Verstouss géint d'Immigratiounsgesetz bei enger Persoun an 2 Protokoller wéinst Drogekonsum a Besëtz.

D'Police ënnersträich, dass d'Bekämpfung vum Drogenhandel an der Kriminalitéit a Verbindung domadder eng Prioritéit duerstellt. An de leschten 2 Woche konnte bei Kontrollen op de bekannte Brennpunkten op der Gare am Ganze 6 Persoune festgeholl ginn, déi beim Verkaf vun Drogen erwëscht goufen.

Dobäi koumen och hei Verstéiss géint d'Auslännergesetz a géint d'Covid-19 Mesuren. Eng Persoun muss d'Land dann och nees verloossen, dat well se sech illegal am Grand-Duché opgehalen huet.

Back to Top
CIM LOGO