Vun e Freideg bis en Dënschdeg647 Corona-Infektioune bei 3.550 PCR-Tester

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, ëm een op elo 1.146 geklommen ass.
© RTL-Archivbild

D’Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d’Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg, Sonndeg, Méindeg an Dënschdeg. Dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend an och op Feierdeeg keng Zuele matdeelt.

Aktuell si 26 Persounen hospitaliséiert, dovunner läit ee Patient op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.291.616 Impfdosisse genotzt.

D’Reproduktiounszuel läit bei 0,83. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Positivitéitstaux louch en Dënschdeg bei 8,25 Prozent a vu 424 Tester waren der 35 positiv.

D’Statistike vun der Santé am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO