Coronavirus zu Lëtzebuerg653 nei Fäll bei 2.535 Tester, 1 Doudesaffer

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 996 läit.

Aktuell sinn 30 Persounen hospitaliséiert, dovunner si 5 Patienten op der Intensivstatioun. En Donneschdeg goufen 71 Re-Infektioune festgestallt. Den Ament ginn et 9.759 aktiv Infektiounen, 175.605 Leit sinn nees gesond.

Am Ganze goufe bis ewell 1.267.066 Impfdosisse genotzt.

Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 120,15 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 96,23 op 100.000.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO