
Nodeems d’Gesetz iwwer d’Gemengewalen dëse Summer geännert ginn ass, kënne bei de Gemengewalen d’nächst Joer gutt 68.000 Mënsche méi mat wiele goe wéi bis ewell. Dat well d’Reegel, dass een op d’mannst 5 Joer hei muss wunnen, fir dat maachen ze dierfen, ewechgefall ass. Déi Zuel liwwert d’Familljeministesch Corinne Cahen an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP.