Tattoo ënner 18? Accord vun Eltere geet net duer!

Den Tätowéirer Marion Thill reagéiert op de Virstouss vun der Gesondheetsministesch, déi um Briefing de leschte Freideg en neit Gesetz ugekënnegt hat.
38 Tattoostudioe gëtt et zu Lëtzebuerg, trotzdem ass de Beruff vum Tätowéirer net gesetzlech geregelt. Ouni iergendeng Ausbildung oder Berechtegung kann een haut e Studio opmaachen. Elo soll dat sech änneren, de Gesondheetsministère schafft nämlech un engem Gesetzprojet, deen nei Normen aféiere soll.
De Marion Thill, Tätowéirer zanter iwwer 20 Joer, huet zum Projet reagéiert.
Der Lydia Mutsch hire Projet de loi gesäit ënnert anerem vir, de Branding a Cutting fir Mannerjäreger ze verbidden. Bei deenen Agrëffer handelt et sech ëm d'Verbrenne vun der Haut an ëm d'kënschtlecht Schafe vun Narbe mat kreativem Aspekt.
De Marion Thill begréisst dës Initiativ a fuerdert beim Tätowéieren ënner 18 en Verbuet, net nëmmen en Accord vun den Elteren. Hie bemängelt awer, dass d'Benotze vu Lasere fir ästhetesch Zwecker net méi soll fir Tätowéirer erlaabt sinn, och wëll hien eng europawäit gülteg Zouloossung huet.
Hei wéilt een eppes verbidden, just well iergendeen Dermatolog iergendeppes gesot huet, wat net wierklech stëmmt.
PDF: Schreiwes vum Marion Thill un d'Gesondheetsministesch.
Wat déi nei Hygiènesmesurë betrëfft. fënnt de Marion Thill, dass dëse Schrëtt scho laang hätt misste gemaach ginn, a verlaangt méi wéi einfach Kontrollen. Senger Meenung no wier et héich Zäit, Tätowéieren als Beruff unzeerkennen an eng Ausbildung dofir unzebidden, domadder géing een nämlech och de Clienten e Gefale maachen. Et misst ee vir ufänken an en Hygiènescours zur Viraussetzung maachen - dono kéint een da Kontrolle maachen.

De Marion Thill / © RTL Télé Lëtzebuerg (Archivbild)
Och dass d'Gesetzgebung an all Land anescht ass, an Däitschland souguer vum Bundesland ofhänkt, wier onnéideg komplizéiert. En europawäite Konsens zum Thema géing villes méi einfach maachen, sou de Marion Thill.
Als gréisste Problem empfënnt hien, dass all déi Leit, déi Tattooe schwaarz maachen, net dorunner gehënnert ginn. Dovun ofgesinn, dass d'Schwaarzaarbechter keng Chargë bezuelen an eng ongerecht Konkurrenz duerstellen, ass hire Manktem un Professionalitéit eng Gefor fir all Client. De Problem géif also grad bei deene leien, déi schwaarz tätowéieren - z.B. mat Faarwen, déi guer net op den europäesche Marché dierfte kommen.
De Marion Thill wier frou, beim Ausschaffe vum Gesetzprojet matzehëllefen a seng Erfahrung ze deelen. Hien hofft deemno, dass elo Neel mat Käpp gemaach ginn, fir dass Tätowéirer hire Beruff an engem bessere Kader maache kënnen.

Am Resumé vum Regierungsrot de leschte Freideg housch et:
Le Conseil a marqué son accord de principe quant à un avant-projet de loi relatif aux conditions d'hygiène et de salubrité relatives à la pratique des techniques de tatouage par effraction cutanée, du perçage, du branding, cutting, ainsi que du bronzage UV et quant à un avant-projet de règlement grand-ducal d’exécution.
Ces textes seront dès à présent soumis pour avis aux chambres professionnelles concernées. Les deux textes ont pour objectif d’encadrer les activités de tatouage, de perçage (piercing), de branding et de cutting. La nécessité d’une réglementation dans ces domaines s’explique par le fait que ces activités impliquent des gestes/actes/techniques qui comportent certains risques pour la santé du client, si elles ne sont pas réalisées selon les règles de l’art.
Outre la fixation de règles relatives aux conditions d’hygiène et de salubrité pour ces techniques, ces textes comportent certaines dispositions ayant trait à la protection des mineurs. Le texte interdit la pratique de branding et cutting sur des mineurs. Le tatouage et le perçage sur mineurs sont subordonnés au consentement préalable d’une personne titulaire de l’autorité parentale ou de son tuteur. Le texte interdit aussi la mise à disposition d’appareils de bronzage UV à des mineurs.