Coronavirus zu Lëtzebuerg7 nei confirméiert Fall, zanter engem Mount kee weidert Doudesaffer

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, weiderhin onverännert bei 110 bleift.
© RTL-Grafik

Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vu 7 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganze 4.140.

Vun den Infizéierte sinn der 3.345 Residenten. Den Duerchschnëttsalter vun de Persounen, déi positiv getest goufen, läit bei 45 Joer.

Den Duerchschnëttsalter vun den 110 Doudesaffer läit bei 84 Joer, d'Altersmediane bei 84 Joer. 56 Prozent si Männer, 44 Prozent Fraen. 66 Prozent vun den Doudesaffer sinn an der Klinick gestuerwen.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 156.089 Tester gemaach. An de leschte 24 Stonne goufe 1.208 Tester gemaach.

Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 65 aktiv Infektioune ginn an 3.965 Persoune gëllen als geheelt.

Aktuell sinn 13 Patienten (-4) hospitaliséiert (dorënner och Verdachtsfäll, dat heescht Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Test waarden), kee (-1) Patient ass aktuell op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 950 Mënschen d'Spidol nees verloossen.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,490. Wann den Taux ënnert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.

Punkt fir Punkt: Analys vun aktuellen Zuelen
De Pierre Weimerskirch war fir e Punkt fir Punkt beim Mariette Zenners um Plateau am Journal.

Back to Top
CIM LOGO