
Bannent deene leschten 12 Joer sinn eng ronn 4.000 Mataarbechter aus verschiddenen ONGen ëmbruecht, blesséiert, verhaft a gekidnappt ginn oder iergendwéi dru gehënnert ginn, hir humanitär Aarbecht kënnen ze maachen. Eleng 2020 gouf et eng 100 Attacken op Leit, déi bei humanitären Aktiounen am Asaz waren. Donieft hëlt och d'Solidaritéit fir humanitären Asaz vu Joer zu Joer of. 74 Persoune sinn 2020 ëm d'Liewe komm, zejoert waren et an der nämmlechter Period 57.
CARE Lëtzebuerg, d'Caritas, d'Croix-Rouge, Handicap International a Médecins Sans Frontières ënnersträichen an engem gemeinsame Communiqué d'Wichtegkeet vum internationalen humanitäre Recht. Déi 5 Organisatioune si weltwäit am Asaz a respektéieren d'Prinzippie vun Neutralitéit, Impartialitéit an Onofhängegkeet, wa se den Affer vun humanitäre Katastrophen hëllefen.
De weltwäiten Dag vun der humanitärer Hëllef, den 19. August, soll engersäits als Appell funktionéieren, fir de Leit a Krisesituatiounen ze hëllefen, anersäits awer och un déi ze denken, déi sech engagéieren an zum Deel hiert Liewe riskéieren, fir aneren ze hëllefen.
Ee Beispill ass den Tsunami an Indonesien, deen 2004 ganz Küstegéigenden am Inselstaat zerstéiert huet. Doropshi koum et zu massive Spendenaktiounen, déi et Hëllefsorganisatiounen erlaabt hunn, séier ze reagéieren. Dëst Joer sinn och Biller a Videoen ëm d'Welt gaangen, déi d'Léit schockéiert hunn. De 4. August koum et zu enger schwéierer Explosioun, déi grouss Deeler vun der libanesescher Haaptstad Beirut zerstéiert huet. Mee déi weltwäit Corona-Kris mécht den Hëllefsorganisatiounen d'Liewe schwéier. Éischtens kënnen déi Organisatiounen net esou schaffe wéi soss, well se eng ganz Rëtsch sanitär Mesurë mussen anhalen. Zweetens feelt awer och d'Solidaritéit vun de Léit, well humanitär Krisen ëmmer méi an den Alldag rutschen a vergiess ginn. De gemeinsame Communiqué ass duerfir och en Appell u jiddereen, d'Aarbechte vun humanitären ONGen net ze vergiessen an ze respektéieren.