
1.215 Leit hunn deemno matgemaach, dorënner och zwou RTL-Journalistinnen. Wéi eng Erfarunge si mat der Challenge gemaach hunn, kënnt Dir hei kucken.
77% vun de Participanten hunn den Defi gepackt, fir 31 Deeg laang keen Alkohol ze drénken. 97 Prozent vun hinne wieren der Fondation Cancer no bereet, d’Challenge am nächste Joer nach emol matzemaachen.
“Alkohol ass deen zweetgréisste Facteur am Risk, Kriibs ze kréien. Et ass och ee Faktor, deen ee liicht kann evitéieren”, esou d’Lucienne Thommes, Direktesch vun der Fondation Cancer. Et ass ee Fakt, dee wéineg Leit kennen.
Nieft engem miniméierte Kriibsrisiko huet de Verzicht op Alkohol awer nach eng Rei aner Virdeeler. Vun de Leit, déi un der “Sober Buddy Challenge” deelgeholl hunn, hu 46% gesot, si hätte besser geschlof. 36% vun de Participanten hu gesot, si hätte Sue gespuert, eng weider 33% hunn uginn, si hätte Gewiicht verluer. Och eng verbessert Konzentratioun ass 25% vun de Leit opgefall.
De Bilan vun der Fondation Cancer fannt Dir hei: