CGDIS8 Blesséierter bei Accidenter e Freideg

RTL Lëtzebuerg
E Freideg koum et zu enger Rëtsch Accidenter op eise Stroossen. D'Pompjeeën an d'Rettungsdéngschter ware jeeweils op der Plaz.

E Freideg de Moie koum et géint 11 Auer zu engem Accident tëscht engem Auto an engem Vëlo zu Iechternach beim Roudenhaff, woubäi sech eng Persoun blesséiert huet. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vun Iechternach esou wéi d'Ambulanz an d'Police.

Méi spéit géint 14.45 Auer koum et zu engem Accident tëscht 2 Autoen zu Ettelbréck an der Avenue des Alliés. D'Pompjeeë vun Ettelbréck, d'Ambulanz an d'Police vun Ettelbréck waren op der Plaz. Eng Persoun huet sech blesséiert.

Um 15.20 Auer koum et och zu engem Accident tëscht 2 Autoen zu Märel bei der Place Joseph Thorn. Et waren 2 Ambulanzen, d'Police an d'Pompjeeën op der Plaz. 3 Leit goufe beim Virfall blesséiert.

Géint 16.30 Auer ass een Auto op der Streck CR125 tëscht Blaaschent a Stuppecht accidentéiert. 3 Leit hu sech dobäi blesséiert. D'Pompjeeë vu Lëntgen waren op der Plaz esou wéi 2 Ambulanzen aus der Fiels an d'Police.

Back to Top
CIM LOGO