
Virun e puer Woche war bekannt ginn, dass eng 130 Salariéen aus dem informatesche Service vun der BIL eriwwer bei Kyndryl transferéiert ginn. Kyndryl ass eng Boîte aus den USA, déi an deem Beräich spezialiséiert ass.
Deen Transfert geschitt elo op den 1. September. Wéi et d'BIL matgedeelt hat, kréien déi concernéiert Leit Garantien, datt se op d'mannst déi nächst zwee Joer hir Plaz behale kënnen. Allerdéngs war bis ewell net bekannt, datt et bei Kyndryl schonn e Sozialplang gëtt, vun deem zwou Dose Salariéë betraff sinn.
Dat wier en duebele Verrot, kritiséieren OGBL an LCGB an engem Schreiwes. Engersäits fir déi aktuell an anersäits fir déi zukünfteg Mataarbechter. Et wier net ze faassen, dass esou wichteg Informatiounen net transparent matgedeelt gi wieren, sou de Reproche vun de Syndikater, déi net mat Kritik un der Virgoensweis vu Kyndryl spueren.
Et wéilt ee sämtlech syndikalistesch Mëttel asetzen, fir Kloerheet ze schafen. Kyndryl misst all hir Salariéen behalen.