Bis zu 145€ Strof90 Verstéiss bei grouss ugeluechter Tuning-Kontroll

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Samschdeg huet d'Police ëm 300 Gefierer op der Kockelscheier kontrolléiert. Do goufen nawell eng Partie Verstéiss a Mängel registréiert.
© Police Archiv

Am Ganze waren et 90 Verstéiss géint de Code de la Route. An deene meeschte Fäll goufen Avertissements taxés an Héicht vu 24 bis 145 Euro ausgestallt wéinst technesche Mängel. Fënnef Gefierer goufen ofgeschleeft an zwee saiséiert. Virun allem gouf kontrolléiert, ob d’Chaufferen hir Ween technesch verännert hunn an ob dës Ännerungen de gesetzleche Virgaben entspriechen oder net.

43 Poliziste waren am Asaz. Donieft waren och véier Beamte vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, der SNCA an dem TÜV op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO