Direkter huet op Drock vum Minister Schneider demissionéiert
Am RTL-Interview schwätzt de Policeminister E. Schneider vun engem inakzeptabelen an deloyale Verhale vum Direkter vun der Police Judiciaire Jeff Neuens.
Den Direkter vun der Police judiciaire Jeff Neuens huet demissionéiert. Op Drock vum Minister. Den Etienne Schneider bezeechent d'Verhale vum héije Beamten, deen eréischt virun zwee Joer op säi Poste genannt gi war, als inakzeptabel an deloyal.
Dem Jeff Neuens gëtt reprochéiert, am Kader vun de Consultatiounen iwwert d'Policereform d'Gewerkschaft vun der Police judiciaire benotzt ze hunn, fir Afloss op den Text ze huelen. Den Etienne Schneider confirméiert och, datt den Direkter vun der PJ sech un d'Procureure générale adresséiert huet, fir de Minister ze beaflossen. Dat wier inakzeptabel, sou de Policeminister.
An engem Bréif un de Minister huet sech de Jeff Neuens e Sonndeg fir all dat formell entschëllegt an huet seng Demissioun offréiert. Kloer wier, datt no dëser Saach d'Vertrauensverhältnis gestéiert ass, vis-à-vis vum Policegeneraldirekter a vis-à-vis vun der Regierung. Den Etienne Schneider an de Felix Braz ware sech dowéinst eens, datt de Jeff Neuens definitiv net méi op sengem Poste bleiwe kann. Et soll eng aner Plaz gesicht ginn. Ma Leit, déi deloyal sinn, dat geet net, seet de Minister.
Den Etienne Schneider hat sech schonn leschte Donneschdeg iwwert d'Verhale vun der Policegewerkschaft APPJ opgereegt. Am RTL-Interview confirméiert de Policeminister lo, datt sech och d'Gewerkschaft vun der Kriminalpolice de Weekend iwwer bei him entschëllegt huet.
Och de Generaldirekter vun der Police, Philippe Schrantz, wier entsat iwwert d'Verhale vum Chef vun der Police judiciaire.
Leschten Donneschdeg ass et du wéi gesot zum Eklat komm. De Policeminister Etienne Schneider huet deen Dag virun der Press säin Onversteesdemech iwwert d'Verhale vun der d'Gewerkschaft APPJ, also der "Association professionnelle de la police judiciaire", ausgedréckt, déi nach virun der leschter Reunioun den Text an der Ëffentlechkeet schlecht gemaach hat. Keen anere Service hätt am Gesetz sou vill Flexibilitéit kritt, fir sech selwer z'organiséieren, wéi si, sou den Etienne Schneider d'lescht Woch.
De President vun der Gewerkschaft vun der APPJ Fernard Ruppert huet sech an deem Kontext um Méindeg de Moie bei de Kollege vum 100,7, déi vun der Demissioun bericht haten, ëffentlech beim Etienne Schneider entschëllegt. De Communiqué wier à chaud erausgaang. Dat wier net richteg gewiescht a kee Fairplay. Hien als President géif d'Verantwortung duerfir droen. D'APPJ misst elo zréck un de Verhandlungsdësch, sou de Fernand Ruppert.
Vun der Demissioun vum Jeff Neuens wier de Fernand Ruppert aus der Press gewuer ginn. D'Demissioun vum Direkter vun der PJ wier op alle Fall e Verloscht fir déi Police judiciaire. Am RTL-Interview huet de Fernard Ruppert och zouginn, d'lescht Woch Feeler gemaach ze hunn. Datt de Jeff Neuens der Gewerkschaft ze no gestan hätt, gesäit de President vun der Beruffsassociatioun net esou. Hien hätt och näischt mat der Gewerkschaft hirem Communiqué vum leschten Donneschdeg ze di gehat.
D'Deputéiert Claudia Dall'Agnol hat dann och direkt um Méindeg de Moien eng Question Parlementaire gestallt.
Monsieur le Président,
Conformément à l’article 80 du règlement de la Chambre des Députés, je vous prie de bien vouloir transmettre la question parlementaire suivante à Monsieur le Ministre de la Sécurité intérieure.
Selon mes informations, le directeur du Service de police judiciaire, Monsieur Jeff Neuens, avait soumis sa démission à Monsieur le Ministre.
Dans ce cadre, j’aimerais poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre :
- Monsieur le Ministre peut-il confirmer la démission du directeur du Service de police judiciaire ?
- Dans l’affirmative, quelles sont les raisons de cette démission ?
Veuillez agréer, Monsieur le Président, l’expression de ma très haute considération.
Claudia Dall’Agnol
Députée