
Besonnesch héichqualifizéiert Leit gi gebraucht an do ass d'Schoul gefuerdert.
Et wier een an enger technologescher Transformatioun an d'Schoul misst sech der digitaler Zukunft upassen, huet den Educatiounsminister Claude Meisch betount. Dat engersäits doduerch, datt dat Digitaalt an der Schoul present ass an anersäits doduerch, datt déi digital Kompetenze vermëttelt ginn. "Well jidderee wäert an Zukunft, egal ob ee léiert, fir Metzler ze ginn oder Schoulmeeschter an natierlech den IT-Ingenieur wäert net laanscht dat Digitaalt kommen an dofir musse mer jidderengem dat matginn."
Eng Partie Decisioune wieren an der Educatioun op deem Volet geholl ginn - ënnert anerem de "Coding" wäert am September verallgemengert ginn.
"Schonn an der Grondschoul. Do erféiert vläicht deen een oder aneren, mä dat kann een och ganz spilleresch an altersgerecht maachen. All Schüler, deen d'Grondschoul verléisst, wäert Notioune vu "Coding" hunn, virun allem awer och vun algorithmeschem Denken an informatesche Prinzippien. Uschléissend wäert am Secondaire déi 3 éischt Joer en neit Fach "Computer-Science" agefouert ginn, fir datt och do kloer ass, datt jiddereen d'Prinzippie vun der Digitaliséierung vermëttelt kritt."
70% vun de bal 1.000 Posten, déi iwwert déi nächst 2 Joer an deem Secteur kreéiert wäerte ginn, wäerten nei Poste sinn ënnersträicht d'Gaby Wagner vun der ADEM: "Dat heescht 30% just, wou Remplacementer sinn. Dat ass déi héchsten Zuel vun Astellungen zanter 2002. Dat weist, datt d'Ekonomie weider Aarbechtsplaze schaaft, mä et weist och, datt ëmmer méi héich Profiller gesicht ginn, wat fir d'Adem eng Erausfuerderung ass."
Et ass déi 10. Kéier, datt dëse Sondage gemaach gëtt. 168 Betriber hu matgemaach.