Parlamentaresch FroA Corona-Kris: Paien u Leit aus Gesondheetsberuffer bal all ausbezuelt

RTL Lëtzebuerg
Fir déi 5 Lignes de Garde, déi et wärend der Corona-Kris goufen, goufe bis elo 28,6 Milliounen Euro un 1.514 Dokteren ausbezuelt.

Dat schreiwen d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert an de Sozialminister Romain Schneider an der Äntwert op eng dréngend parlamentaresch Fro vum ADR Deputéierte Jeff Engelen. Dee wollt wëssen, ob et géif stëmmen, datt et elo erëm Problemer mat der Remuneratioun vun de Leit aus sanitäre Beruffer géif ginn, déi wärend der Kris e Contrat à durée déterminé beim Staat haten.

D'Ministere präziséieren, datt ee muss den Ënnerscheed maachen tëschent
-den Dokteren, déi iwwer Nomenklatursakte bezuelt goufen,do war jo e Forfait agefouert ginn,
-dem Personal aus de Spideeler, dat iwwer eng global budgetär Enveloppe bezuelt gouf an
-de Leit aus de Gesondheetsberuffer, déi wärend der Kris iwwer en CDD engagéiert goufen, an normalen Zäiten awer iwwer Nomenklatursakte bezuelt ginn.

Wat déi d'Leit betrëfft, déi op Basis vun engem Contrat à durée déterminé, agestallt goufen, a fir d'Reserve sanitaire do waren, wieren am Abrëll an am Mee ronn 1.500 Paien iwwerwise ginn. Just an e puer eenzel Fäll wier d'Paie nach net bezuelt ginn, well d'Dossieren net komplett gewiescht wieren, déi Sue géifen awer dëse Mount erausgoen.

Den Deel vum 13. Mount, deen d'Leit ze gutt hunn respektiv Congéen, géifen zäitno ausbezuelt ginn.

Bei den Dokteren, schreiwen d'Ministeren Lehnert a Schneider, hätten an 234 Fäll technesch Informatioune gefeelt, déi hu missten nogefrot ginn, dofir hätt d'CNS déi Iwwerweisungen nach net all kéinte maachen.

D'Personal aus de Spideeler wier integral bezuelt ginn. Do hätt d'Gesondheetskeess d'Montanten, déi iwwert déi global budgetär Enveloppe ze bezuele sinn, weider un d'Spideeler iwwerwisen, déi d'Suen dann normal un hir Leit weiderginn hätten.

Back to Top
CIM LOGO