Zu Mutfert am Centre Culturel waren e Samschdeg de Moien d'Membere vun de Chrëschtlech Soziale fir hiren Nationalkongress zesummekomm.

D'CSV huet en neie Parteipresident. De Frank Engel gouf e Samschdeg de Moien um Nationalkongress zu Mutfert mat 54% vun de Stëmmen un d'Parteispëtzt gewielt.

De Frank Engel mat 54% neie Parteipresident
Zu Mutfert am Centre Culturel sinn e Samschdeg de Moien d'Membere vun de Chrëschtlech Soziale fir hiren Nationalkongress zesummekomm.

Säi Konkurrent, de Serge Wilmes, krut just 46% vun de Stëmmen. 536 Partei-Delegéiert haten ofgestëmmt.

Als Vizepresidentinne goufen d'Elisabeth Margue an d'Stéphanie Weydert gewielt.

De Felix Eischen gouf mat enger Zoustëmmung vun iwwer 93% zum neien CSV-Generalsekretär gewielt. Hien iwwerhëlt domadder d'Successioun vum Laurent Zeimet.

De Félix Eischen
Zu Mutfert am Centre Culturel sinn e Samschdeg de Moien d'Membere vun de Chrëschtlech Soziale fir hiren Nationalkongress zesummekomm.

Keen hätt verluer, seet d'CSV. Zesummen huet ee gewonnen. A sou wéilt een och d'Zukunft gestalten.

De Frank Engel ass jo am Ablack nach Europadeputéierten. Hien ass 43 Joer al, huet Droit studéiert a war scho wärend sengem Studium bei der CSJ aktiv. Hie war ënner anerem Fraktiounssekretär vun der CSV an huet et 2009 eng éischte Kéier an d'Europaparlament gepackt.

Fir d'CSV-Presidence gëtt hie säi Mandat zu Stroossbuerg op, hat e scho virum Vott annoncéiert.

AUDIO: CSV-Kongress/Reportage Joel Detaille

„Ech stinn elo relativ demüteg hei, well d’Presidence vun der gréisster Partei am Land ze iwwerhuelen, mécht genee dat mat engem...“ Esou huet de Frank Engel säi Schlusswuert ugefaang, nodeems hien um CSV-Kongress kuerz virdrun zum neie Parteipresident gewielt gouf.

VIDEO: De Frank Engel am Interview
Éischter e Kräizgang wéi eng Croisière? Dozou den neien CSV-Parteipresident am Gespréich mam Monique Kater.

Et misst een zesummeschaffen, dass d’Partei nees als dat wouergeholl gëtt, wat se wier, nämlech eng Vollekspartei, déi Politik am Sënn vu jidderengem mécht. Dofir wier eng resolut Oppositiounspolitik elo kruzial. An dat géif een an enger ganzer Rëtsch vun Dossiere maachen, war zu Mutfert vu méi Riedner ze héieren. Sief et an der Educatioun, bei der Familljepolitik, de Finanzen, der Mobilitéit, oder wéi et den Elo-Net-Méi-Parteipresident Marc Spautz genannt huet, der komescher Regierungsstrategie am Logement, wou LSAP an DP sech wuel net méi un hir Wahlverspriechen hätte kënnen erënneren, wéi d’Ressorten verdeelt goufen.

De Frank Engel ass dann och Invité um Méindeg de Moien um 8.10 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg.

Virum Vott

"Et geet drëm, fir no vir ze kucken, an de Kapp net an de Sand ze stiechen. Onofhängeg wien d'Course ëm d'Parteispëtzt wäert maachen, d'Partei wäert zesummen hannert him stoen."

Mat deene Wierder huet de Nach-CSV-President Marc Spautz e Samschdeg de Moien an engem komplett iwwerfëllte Centre culturel zu Mutfert, den CSV-Nationalkongress opgemaach, a Präsenz vum fréiere Kommissiounspresident Jacques Santer an iwwer 600 Memberen. De momentane Kommissiounschef Jean-Claude Juncker huet sech entschëllege gelooss.

© RTL Radio Lëtzebuerg / Joel Detaille

Et ass den Nationalkongress vun der personeller Erneierung. Am Fokus um CSV-Nationalkongress stoung natierlech d'Kampfofstëmmung fir hiren neie Parteipresident tëscht dem Frank Engel an dem Serge Wilmes. Déi 2 haten e Samschdeg de Moien schonn d'Geleeënheet, sech dem Kongress virzestellen. Allebéid hunn an hire kuerze Rieden, de Renouveau ervirgestrach, deen just zesumme kéint geléngen.

De Serge Wilmes beispillsweis huet et sech awer och net huele gelooss, der Regierung an dem Premier, an deem sengem Haapt-Slogan eng verbal mat ze ginn:

"Och wann et dem Land gutt geet, geet et nach laang net all Mënsch hei am Land gutt. Vill Mënschen am Land waarde grad op ons, waarden op eng staark Vollekspartei. Op eng CSV, déi hirer Roll an der Oppositioun gerecht gëtt".

AUDIO: Extrait Serge Wilmes

De Frank Engel huet virun allem op dat gekuckt, wat sech fir d'Zukunft vun der CSV misst änneren, fir nees an eng Regierung ze kommen. Dofir misst een dem Europadeputéierten no, d'Bierger an déi eegen Partei-Ënnerorganisatioune mat an d'Boot kréien:

"Besonnesch mat der CSJ misste mer eis druginn, dass mer eng cool Partei ginn. Dat ware mer wahrscheinlech an de leschte Walgäng net ausreechend a mir mussen dat awer rëm ginn. D'Pirate ware cool, déi Gréng ware cool, Mä mir sinn et grad esou. Dee Sall hei ass cool. 600 Leit e Samschdeg de Moien op engem Kongress, kritt soss keng Partei hin. Lo musse mer et fäerdeg bréngen, déi z'iwwerzeegen, déi net dovun iwwerzeegt sinn."

AUDIO: Extrait Frank Engel