No engem längere juristesche Sträit hat d'Geriicht jo decidéiert, datt d'Gebai a seng ursprénglech Form zeréckgesat misst ginn.

Am Sträit ëm d'Veranda um Waldhaff haten de Marc Hobscheit an d'Sàrl Café Waldhaff um Enn jo och op der Cour de Cassation verluer. Virdru waren de Restaurateur a seng Societéit ewell op der Cour d'appel condamnéiert ginn, woumat de Marc Hobscheit awer net d'accord war.

Dee Moment haten de Restaurateur an d'Sàrl allkéiers eng Geldstrof vun 10.000 Euro kritt an et war decidéiert ginn, dass de Café-Restaurant bannent engem Joer a säin originalen Zoustand misst zréckversat ginn. Pro Mount Retard géif eng Strof vu 7.500 Euro ufalen.

De Restaurateur misst de Café-Restaurant allerdéngs net méi zoumaachen, hat et nach am Appellsuerteel geheescht, géint dat de Marc Hobscheit op d'Cassatioun gaange war.

An der leschter Instanz ass et dobäi bliwwen, datt d'Gebai an den Originalzoustand misst gesat ginn, dofir misst dann ënnert anerem d'Veranda nees verschwannen. Déi, esou d'Geriicht, wier jo an enger Gréngzon gebaut ginn.

Déi Ofrappaarbechte lafen elo grad ... an RTL-Informatiounen no soll de Café-Restaurant och net méi opgoen.

RTL

Zum Verglach: Hei de Corpus delicti, also d'Veranda an der Gréngzon. / © Olidom Multimedia