Der Police ass e Mëttwoch e Feeler ënnerlaf an huet eng Foto vun enger onschëlleger Persoun am Kader vun engem Zeienopruff publizéiert.

D'Police deelt mat, dass et bei engem Zeienopruff, deen e Mëttwoch an engem Police-Bulletin un d'Press weider gi gouf, e Feeler ënnerlaf ass. Et gouf nämlech eng falsch Foto publizéiert, op där eng Persoun ze gesi war, déi absolut näischt mam Virfall ze dinn hat. Et goung hei ëm en Zeienopruff am Kader vun engem Kreditkaarten-Déifstall zu Märel.

Et ass also nach eemol ze betounen, dass d'Persoun, déi op dëser Foto ze gesi war, zu kengem Zäitpunkt eppes mat der Dot ze dinn hat.

D'Police notzt dann och d'Geleeënheet, fir sech bei der Persoun fir de Feeler ze entschëllegen. D'Foto gouf aus Respekt virun der Persoun hirer Privatsphär natierlech direkt bei eis um Site erofgeholl.

Hei d'Matdeelung vun der Police

Wir bedauern mitzuteilen, dass aufgrund eines Fehlers das falsche Fahndungsfoto veröffentlicht wurde.

Der Mann, welcher auf den Fotos abgebildet war, steht in keinem Zusammenhang mit der Tat.

Wir nutzen diese Gelegenheit um uns bei der Person für entstandene Unannehmlichkeiten zu entschuldigen.

Wir würden demnach darum bitten das Foto von ihren Plattformen zu entfernen.

Hei d'Informatioun iwwert de Virfall an der Stad

De 9. November 2018 gouf eng weiblech Persoun géint 11 Auer Moies vun engem Mann ugeschwat, wéi dës am Gaange war hir Akeef ze bezuelen. Kuerz drop huet d'Fra festgestallt, dass hir Kreditkaart aus der Posch geklaut gouf.

De presuméierten Täter huet doropshin op engem Geldautomat an der Stad, méi genee zu Märel, eng héich Zomm Geld opgehuewen.

Ween Informatiounen iwwert de presuméierten Täter huet, soll sech um Policebüro "Porte de l'Ouest" ënnert der Telefonsnummer 24435 1000 mellen.