
Dat mellt de Paperjam um Freideg de Moien. Encevo ass eng privat Gesellschaft, wou de Staat awer mat 28% gréissten Aktionär ass. Se ass d’Mammegesellschaft vum Energiefournisseur Enovos a vum Gestionnaire vu Reseauen Creos.
Den Tom Eischen huet zanter 2011 d’Generaldirektioun vun der Energie am Wirtschaftsministère gefouert. An der zweeter Blo-Rout-Grénger Regierung hunn déi Gréng de Ressort vun der LSAP iwwerholl.
De gréngen Energieminister Claude Turmes sot virun 3 Wochen RTL géigeniwwer, den Depart vum Tom Eischen wier „net tragesch“.
Onsen Informatiounen no, hunn e puer aner Leit den Energieministère verlooss oder sinn um Punkt en ze verloossen. Am Moment sinn – dem Annuaire vum Staat no – 17 Leit am Energiministère, dorënner awer och déi, déi de Ministère verloossen oder scho verlooss hunn.
De Claude Turmes ass am gaangen eng nei Ekipp opzestellen an hätt och d’Moyene kritt, fir nei Leit anzestellen.
An deem Zesummenhang huet d’CSV eng parlamentaresch Fro gestallt. Den Deputéierte Felix Eischen freet, firwat den Tom Eischen de Ministère verléisst an ob de Claude Turmes mat der Ausso "net tragesch" d’Aarbecht vum Beamten net a Fro stellt.
Op eis Demanden, fir säin Depart ze kommentéieren, huet den Tom Eischen bis elo net reagéiert.