Et hätt een an noer Zukunft ganz vill ze dinn, esou de President vun der Integratiounskommissioun Max Hahn e Mëttwoch de Mueren an der Chamber.

AUDIO: Neien Aktiounsplang / Rep. Tim Morizet (16.1.2020)

Et sinn 55 Haaptziler, 29 Prioritéiten a 97 konkret Aktiounen, déi een e Mëttwoch de Mëtteg bei der offizieller Presentatioun am Familljen- an Integratiounsministère presentéiert huet. An déi ee bis spéitstens Enn 2024 ëmgesat well hunn. De Plang wier mat Associatiounen aus dem Behënnerteberäich zesummen op d'Been gestallt ginn. Et géif ee konkret doru schaffen, Diskriminatioun um Terrain z'eliminéieren. Et wéilt een den ëffentleche Raum méi accessibel maachen, mä och de Wee op d'Aarbecht.

Corinne Cahen, Integratiounsministesch: „An der Aarbechtswelt kënnt den „assistent à l'inclusion dans l'emploi". Dat ass e Gesetz, wat elo den 1. Februar wäert a Kraaft trieden, wou een net nëmmen déi behënnert Persoun begleet um Aarbechtsmarché, mais d'Entreprise gëtt och begleet, fir dës Persoun da bei sech z'empfänken, fir datt och nohalteg kann en Aarbechtsverhältnis ka ginn."

Änlech Mesurë ginn et och am Gesondheetswiesen, wou Personal fir Patiente mat geeschtleche Behënnerunge besser geschoult soll ginn. Sou sollen a Collaboratioun mat engem neie Gesetz alleguer d'Gebaier, déi fir de Public zougänglech sinn, méi accessibel ginn.

Corinne Cahen, Integratiounsministesch:„Dat heescht och Geschäfter, Dokterpraxissen an aner ëffentlech Plaze mussen accessibel si bis 2029. Accessibel fir jiddereen. Dat gëllt awer och fir e gewëssene Prozentsaz vun neigebaute Residencen."

Bei den Deputéierten war et virun allem Zefriddenheet beim Kontroll vun den Aktiounen.

Djuna Bernard, Deputéiert bei déi Gréng:„Et gëtt eng „Mid-term" Evaluatioun an der Hallschent vum Plang gemaach. Da gëtt genee gekuckt, wou ee steet, mat engem externen Evaluateur. De ganze Prozess gëtt dann och nach eng Kéier um Schluss widderholl. Dat hëlleft eis, eng Objektivitéit ze ginn an et Moossbar ze maachen."

Och vu Säite vun der CSV-Oppositioun weist ee sech gréisstendeels zefridden. Och wann Kritik, datt am alen Aktiounsplang vun 2012 bis 2017 net genuch fir Tutelles an Curatelles gemaach gouf, bestoe bléift.

Marc Spautz, CSV-Deputéierten:"Déi éischt nei Akzenter sinn dra gesat. Et ass kloer, datt een déi Saachen nach eng Kéier kloer muss diskutéieren. Mais do ass et och: Pabeier ass gedëlleg. Et geet net duer, en Aktiounsplang ze hunn, mä et mussen elo vum zoustännege Ministère an den Associatioune Suitte kommen, fir och déi Situatioun ze verbesseren."

Hei géif den Ament am Justizministère dru geschafft ginn, bestätegt d'Corinne Cahen.