Ierpeldenger Säit zefridden, Dikrecher Säit fillt sech eleng
D'Industrie-Zon Fridhaff ass e Projet vum Gemengesyndikat ZANO. Et geet drëms, d'Betriber aus den Nordstad-Gemengen erauszekréien.
Fir de Verkéier ze berouegen an awer och Plaz fir Logement ze schafen. De Projet gouf 2015 presentéiert, mëttlerweil hunn déi éischt Entreprisen de Betrib opgeholl. Am Allgemenge si se zefridden, ma e puer Problemer bleiwen nach.
35 Lotissementer iwwer 28,5 Hektar, getrennt duerch d’N27. Op Ierpeldenger Säit déi grouss Betriber, ënnert anerem eng Zigarettefabrick an zwou Bauentreprisen, op Dikrecher Säit déi kleng a mëttelgrouss Betriber, déi och Clienten op der Plaz ëmfänken.
"Et sinn 98 Prozent vun de Parzelle versprach. Bei ronn 10 Betriber sinn d'Akte gemaach, wou och schonn Implantatioune gemaach gi sinn.", esou de Claude Haagen, de President vum ZANO-Sydikat.
Déi méi grouss Betriber op Ierpeldenger Säit weise sech op Nofro hin zefridden. Op Dikrecher Säit fillt ee sech nach e bëssen eleng – bis elo ass ee Baumaterial-Verkeefer an eng Garage do, et stinn och schonn e puer Elektrobussen do ze lueden. Et sollen awer och nach aner Betriber aus dem Automobilsecteur kommen.
"D'après les dernières nouvelles, on a des collègues qui vont arriver dès la fin de janvier, qui vont entamer leurs démarrage de travaux, par contre on les aurra opérationel certainement qu'en fin d'année 2020.", esou de Ludovic Maire, Responsabel vu Renault Dikrech.
Déi bis elo eenzeg Noperen hu séier misste plënneren, well op hirem ale Site eng nei Bréck gebaut gëtt. Zanter Mäerz ass een do – de Problem: Den Uschloss fir d’Toilette war nach net prett, bis haut hätt een nach keen offiziellen Ok. Eng "peinlech Situatioun", wann ee Clienten ëmfänkt.

© Domingos Oliveira
"Wann elo eng Damm kënnt a seet: "kann ech wannechgelift op d'Toilette goen?", da musse mer leider soen: "Et deet eis Leed, wann d'Dixi Iech gutt genuch ass Ok, mee soss net", erkläert de Robert Gennen vu Bautrafix.
Et wier ee frou gewiescht, datt ee séier hätt kenne kommen an do wier et och normal, datt nach net alles klappt. Ma et hätt ee sech dann awer eng besser Kommunikatioun vun de Responsabele vun der ZANO gewënscht.
En aneren Defi – d’Clientë fannen den Accès bei d’Betriber net.
"Mir hunn ëmmer Leit, déi ruffen un, déi op der grousser Strooss hei erop an erof fueren, déi soen et gesäit een Äre Betrib gutt, mee wéi kënnt een dohinner. Dat ass fir eis ee vun de gréisste Problemer den Ament.", esou nach de Robert Gennen.
"En ce qui concerne les paneaux indicateurs, il y a encore un petit peu de progrès sur le sujet et c'est un des sujets qu'on va évoquer avec les membres de la ZANO pour pouvoir avancer, pour qu'on soit plus trouvable.", betount de Ludovic Maire.
De President vum Gemengesyndikat kann dee Problem net wierklech novollzéien.
"Mat der Beschëlderung - natierlech ass dat am Ufank, wann nei Stroossen opginn, eng aner Beschëlderungsaart a Weis, déi sech awer elo momentan arrangéiert huet.", erkläert de Claude Haagen.
Fir den Accès un d’Industriezone ze erliichteren, gëtt op Héicht vun der fréierer Mülldeponie nach e Rond-point gebaut mat enger Ënnerféierung vun där enger Säit op déi aner. Dëse sollen an 8 bis 9 Méint fäerdeg sinn.