Trisomie-Tester erfëllen hiren Zweck voll a ganz

© AFP (Archiv)
Dat äntweren déi zwee LSAP-Ministeren Etienne a Romain Schneider op eng parlamentaresch Fro vun den DP-Deputéierte Carole Hartmann a Gusty Graas.
Déi prenatal Nifty-Tester, déi zanter August zejoert vum National-Labo gemaach ginn, erfëllen hiren Zweck voll a ganz. Vun den 1.700 Tester, déi bis lo bei schwangere Fraen duerchgefouert goufen, hu 16 Stéck erginn, datt et Chromosomen-Anomalie goufen.
Den Test gëtt dann och vun der CNS rembourséiert an ass net just op Risiko-Schwangerschaften limitéiert, mä gëllt fir all Fraen, déi dëse verschriwwe kréien.
Am wëssenschaftleche Conseil fir de Gesondheetssecteur gëtt iwwerdeem gepréift an decidéiert, ob an Zukunft de Nifty-Test, deen Trisomien detektéiert, soll cibléiert oder generaliséiert duerchgefouert ginn.
D'Käschte fir de Nifty-Test chiffréiere sech op 380 Euro pro Diagnostik.