Wéi d'Police ee Mann wéinst haislecher Gewalt mat op de Police-Büro op Dikrech huele wollt, koum et zu enger Kläpperei.

Allerdéngs net tëscht dem presuméiertem Täter an der Police, mä tëscht dem Mann an engem aner Familljemember. Deen ass de Beamten an dem presuméierten Täter nämlech entgéintkomm. Et koum zu enger Kläpperei tëscht béide Männer.

De Familljemember huet sech net berouege gelooss, esou dass d'Police hie festgeholl huet.

Wat d'haislech Gewalt ugeet, krut de Mann op Uerder vum Parquet ee Verbuet, zeréck an d'Wunneng ze goen.