Nora Back: "De Steiersystem dréit zum Deel zu den Inegalitéiten am Land bäi"
E gerechte Steiersystem kann en Haaptinstrument an der Bekämpfung vun den Inegalitéite sinn.
Dat sot d'Presidentin vun der Chambre des salariés en Dënschdeg op hirer Neijoerschreceptioun am Cercle Cité. Déi nei Presidentin hat Kritik a kloer Propose fir d'Regierung.
Et bräicht een Investitiounen, ënnert anerem an d'Bildung, d'Mobilitéit, de Logement an d'Digitalisatioun, huet d'Nora Back betount. De Budget 2020 hätt do allerdéngs keng Accente gesat an et kéint een net per Force op de budgetären Equiliber setzen.
Nora Back:"Ob et lo eng schwaarz oder eng rout Null ass, ekonomesch mécht dat kee Sënn, virun allem am Moment net, wou d'Zënsen esou niddreg sinn, bis hin zu Minuszënsen. Dat gëllt fir Lëtzebuerg genee esou wéi fir Europa. Déi nei europäesch Kommissioun huet sech jo zu Recht d'Transition écologique grouss op de Fändel geschriwwen. Dat ass eng gutt Saach, mä da muss d'Kommissioun och elo konsequent sinn an de Memberstaaten deen néidege finanzielle Spillraum loossen, fir déi Investissementer ze maachen."
Wat d'Steierreform ugeet, do wéisst een de Moment nach net, wou déi histeiere wäert:
Nora Back:"Mir brauchen eng weider Entlaaschtung vun den niddregen a mëttel Revenuen am Barème par Rapport zu den héije Revenuen a mir brauchen eng Upassung vum Barème un d'Inflatioun. Esouguer d'Zentralbank seet, dass am Fong d'Net-Indexéierung vum Barème eng steierlech Mesure ass an d'Indexéierung vum Barème de Prinzip vun der Neutralitéit respektéiert. Och bei de Monoparentaux muss nach eng Kéier nogebessert ginn. De Steierkredit ass 2017 ugepasst ginn an dës Mesure gesäit een nach net an de Statistiken, mä ech denken, opgrond vun deem extrem héijen Aarmutsrisiko bei deene Menagen, sinn hei weider Efforten néideg. Kapitalerträg, Stockoptions, Plus-values musse seriö besteiert ginn."
Och am Logement misste steierlech Mesurë geholl ginn, virun allem misst ee méi konsequent géint d'Spekulatioune virgoen, huet d'Nora Back ënnerstrach. En anere Sujet war d'Klimapolitik, déi an den Ae vun der neier Presidentin vun der Chambre des salariés nëmme funktionéiere kann, wa se sozialgerecht ass a just mat de Leit an net géint se gemaach dierf ginn.