Vun däitscher Police verroden
Mann ouni Permis war awer mam Auto ënnerwee

An Däitschland hat e Lëtzebuerger d'Gefier vun enger Bekannten onerlaabt benotzt, fir an de Grand-Duché ze fueren.
De Mann mat Lëtzebuerger Pass hat en Dënschdeg den Owend den Auto vun enger Bekannte geholl, ouni awer hir Autorisatioun ze kréien, an ass domadder op Lëtzebuerg gefuer. En däitsche Polizist hat d'Lëtzebuerger Beamten op dës Situatioun opmierksam gemaach.
Direkt gouf ugefaangen, nom Auto ze sichen, deen dann e Mëttwoch den Owend an der Stad konnt lokaliséiert an zu Bouneweg erëmfonnt ginn. D'Gefier gouf séchergestallt an der Besëtzerin zeréckginn. De Mann krut e Protokoll.
Am meeschte gelies