Stater Geriicht
18 Méint Prisong mat Sursis an d'Confiscatioun vun de falsche Suen

Dozou gouf um Stater Geriicht e Mann verurteelt, deen ebe wéinst dem Besëtz vu Falschgeld de Prozess gemaach kritt hat, dofir awer net ugetruede war.
Dem Mann war net nëmme virgehäit ginn, déi falsch Suen am Dezember 2018 besiess, mä och versicht ze hunn, fir se an Ëmlaf ze bréngen. De Mann hat sengerzäit falsch 200, 100 a 50 €-Schäiner am Géigewäert vun ëmmerhi bal 22.000 € op sech.
De Mann hat der Police géintiwwer behaapt, dass hien dës Schäiner an engem Dreckseemer am Garer Quartier fonnt hätt.
Am meeschte gelies