
Dat gouf eis op Nofro hin och aus dem Staatsministère confirméiert.
Schonn en Dënschden kënnt d’Institutiounekommissioun beieneen, do awer steet den normalen Ordre du jour um Programm, also d’Diskussiounen iwwert d’Verfassung déi virgesi waren. Den Dag drop ebe gëtt de Waringo-Rapport diskutéiert.
E Freideg kënnt de Rapport an de Regierungsrot. Duerno um 12 Auer soll en um Internetsite vun der Regierung der Ëffentlechkeet zougänglech gemaach ginn. Gläichzäiteg kritt de Chamberpresident Fernand Etgen e via Courrier zougestallt.
Staatsministère confirméiert: Waringo-Rapport gëtt e Freideg am Regierungsrot virgestallt