
De Xavier Bettel presentéiert dat vill diskutéiert Dokument den 31. Januar am Regierungsrot, fir et dann dono der Chamber weiderzeleeden.
De Rapport gëtt dee selwechten Dag dem Chamberpresident iwwerreecht a gëtt an den Deeg, respektiv Wochen duerno an der zoustänneger Kommissioun presentéiert, do gëtt et awer nach keen Datum.
Nom Regierungsrot e Freideg wäert de Rapport da verschéckt ginn.
Nach steet net fest ob d’Institutiounekommissioun e virgeluecht kritt oder awer de Büro. Dat muss en Donneschdeg d’Presidentekonferenz entscheeden. Duerno gëtt de Rapport op gouvernement.lu publizéiert.