Lëtzebuerg ass prozentual gesinn Nummer 4 an Europa, hanner Malta, Zypern a Griicheland, wat d'Ophuele vu Migranten ugeet.

Dat sot den Ausseminister Jean Asselborn e Méindeg de Moien op enger Pressekonferenz, op där hien de Bilan vun der Lëtzebuerger Asylpolitik gezunn huet. D'Zuel vun den Demanden, fir eng Protection internationale louchen d'lescht Joer bei 2.047 Unitéiten, och wann dës Zuel ganz liicht réckleefeg sinn.

Bilan Immigratiounspolitik / Reportage Nadine Gautier

D'Eriträer sinn déi, déi de gréissten Deel vun den Demandeuren ausmécht, si maachen ee Véierel aus. D'Syrer sinn op der zweeter Plaz. Wat de Refugiésstatut ugeet, sinn et 653 Persounen, déi dee kruten. Do leien d'Syrer op der éischter Plaz. Bei den Dublin-Fäll dann, déi zu Lëtzebuerg rezenséiert goufen. Do sinn et 330 Persounen, déi an een aneren EU-Memberstaat transferéiert goufen.

Den Ausseminister Jean Asselborn: "Mir hunn och missten 90 Leit zeréckhuelen, déi Dublin-Fäll waren an anere Länner, wou Lëtzebuerg kompetent war."

De Jean Asselborn

Bei de Retoure vu Migranten, goufen et 131 forcéiert Retouren. 2018 louch dës Zuel nach bei 79 Persounen. Dat erkläert sech de Jean Asselborn esou:

"Alleguerten déi Länner, déi um Balkan sinn, déi wëssen, datt se net méi opgrond vun der Convention de Genève kënnen de Statut kréien, mat Ausnamefäll selbstverständlech. Dat ass jo net auszeschléissen."

Bei 88 Persoune gouf d'Asyldemande als net recevabel deklaréiert, well d'Persounen entweder aus engem séchere Land koumen oder Lëtzebuerg net dat éischt Land war, wou se hir Demande gestallt hunn. Dat Joer virdru waren et 33 Dossieren, déi als irrecevabel astuuft goufen.

Am Ganze gouf et 207 Refuse fir eng Protection internationale an der normaler Prozedur, an der acceleréierter Prozedur waren et 190 Fäll.

36 Mineuren hunn d'lescht Joer hei am Land eng Demande op Protektioun gestallt. Domadder bleift déi Zuel par Rapport zum Joer virdrunner d'selwecht.

De Jean Asselborn: "A mir haten 64 Leit, déi eis gesot hunn, si wieren Mineuren. Wat awer net grad gestëmmt huet. An 39 Fäll vun de 64 Fäll hu se herno selwer zouginn, datt se net dat gesot hunn, wat en se hätte solle soen. Ech condamnéieren déi Leit net. Déi siche mat alle Moyen, fir kënne Fouss ze faassen."

Am Centre de rétention sinn d'lescht Joer 421 Persoune passéiert. D'Majoritéit dovu ware célibataire Männer. An der Moyenne sinn d'Persoune 47 Deeg laang am Centre de rétention um Findel bliwwen.

De Jean Asselborn: "Den Direkter vum Centre de rétention huet mer gesot, datt d'Zuel vun de Leit, déi ëmmer aggressiv ginn, datt déi eropgeet. Hien huet mer och gesot, datt ganz staark Tendenzen do sinn, fir méi Drogen eranzekréien. Substances illicites. Dat ass eng grouss Erausfuerderung fir déi Leit, déi do schaffen a keng einfach Aarbecht hunn."

Bilan Migratiounspolitik
Um Méindeg war de Bilan vun der Migratiounspolitik och Sujet um Plateau vum RTL-Journal.

Reaktiounen op de Bilan

De Centre de rétention war e Méindeg de Moien och Thema bei den Deputéierte vun der zoustänneger Chamberkommissioun Thema.

Den CSV-Deputéierten Claude Wiseler: "Wat fir mech elo de Moien wichteg war, dat war, dass mer ee Problem evoquéiert hunn, dee reell ass. An zwar dee vum Centre de rétention an de Familljen, déi ganz oft mat Mineuren, wann et muss sinn, dohinner kommen. Wat natierlech eng Situatioun ass, déi net gutt ass. Mir waren du frou vun der Regierung ze héieren, dass se am Gaange sinn, sech ze iwwerleeën fir een anere Centre ze kréien, wou ee ka Familljen mat Mineure separat hebergéieren. Wou ee se net muss an den klassesche Centre de rétention setzen, well dat fir déi Kanner net gutt ass."

De Claude Wiseler

Den David Wagner vun déi Lénk huet an deem Kontext och nach eemol eng Motioun an d'Spill bruecht, déi fuerdert, dass Mineuren net méi sollen am Centre de rétention ënnerbruecht ginn.   

"Do hunn mir ganz einfach virgeschloen, mir ginn jo dovunner aus, dass déi Kanner net dofir kënnen, dass d'Regierung muss no anere Mëttele sichen, fir de Problem ze léisen, dass also zum Beispill aner Strukturen opgebaut ginn."

Kanner a Mannerjäreger sollen net agespaart ginn. Dat géing géint d'Kannerrechter verstoussen, dofir géing sech d'Motioun och op Texter vum Flüchtlingsrot, der UNHCR an der Europäescher Mënscherechtskommissioun beruffen, sou nach den David Wagner. D'Motioun soll an noer Zukunft och an der Chamber debattéiert ginn.

Bilan Lëtzebuerger Asylpolitik a Reaktiounen/Annick Goerens