Dokter Claude Birgen demissionéiert als medezineschen Direkter

© Henri Schwirtz / RTL
40 Joer am Déngscht vun der CHEM-Spidolsinfrastruktur, elo ass dës Karriär eriwwer fir den Dokter Claude Birgen.
Den aktuelle medezineschen Direkter vum CHEM wäert nämlech an d'Pensioun goen.
Zu dësem Eclat wier et e Méindeg am Verwaltungsrot vum CHEM komm, schreift d'Tageblatt.
D'Nouvelle vun der Demissioun vum Claude Birgen confirméieren eis de Méindeg den Owend Sourcen, déi dem Verwaltungsrot no stinn.
Wéi et schéngt, ass de Grond fir d'Decisioun vum Claude Birgen pikant: et soll sech eisen Informatiounen no ëm e Vertrauensbroch mam aktuelle Generaldirekter Hansjörg Reimer handelen.
Tëscht den Doktere Birgen a Reimer hätt d'Chemie net méi gestëmmt. De Clinch baséiert op Divergenzen ëm d'Plange fir d'neit Südspidol, dat mat engem gewësse Retard op den Timing soll 2026 um Site Esch-Rëmerech seng Dieren opmaachen.
Am Direktiounsconseil vum CHEM sëtzen nieft dem demissionären Dr Birgen an dem Generaldirekter Reimer, nach 3 aner Direkteren, dëst si keng Medezinner.