Kuerz no 3 Auer um Dënschdeg de Moie ass en Automobilist op der Beyeren - Schëtter mat sengem Auto an e Bam gerannt, deen op der Strooss loung.

De Chauffer gouf verwonnt a koum an d'Spidol.

Wéi d'Police mellt, huet et bis kuerz viru 5 Auer gedauert, bis déi schwéier Eech vun de Rettungsdéngschter an Zesummenaarbecht mat Ponts et Chaussées aus der Strooss geraumt war.

Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Fluessweiler an d'Ambulanz vu Réimech.

En Accident op der A1 huet kuerz viru 7 Auer um Dënschdeg de Moien fir vill Problemer am Trafic gesuergt. 1 Persoun war hei blesséiert ginn.

Kuerz virun 8 Auer huet et dunn och nach emol gerabbelt zu Diddeleng an der route de Volmerange. Och hei gouf 1 Persoun verwonnt.

E Méindeg kuerz virun 19 Auer gouf et zu Kruuchten an der rue Neuve e klengen Accident mat Materialschued. Déi schëlleg Automobilistin hat ze vill gedronk a krut de Führerschäin ofgeholl.
Dampentwécklung an engem Appartement respektiv an enger Residence gouf et déi lescht Nuecht op en Dënschdeg direkt zweemol an der Stad, mellt den 112.

Géint Hallefnuecht hat sech an enger Wunneng an der Strooss Place Sauerwiss Damp entwéckelt.

E bësse méi spéit ass gemellt ginn, datt et an enger Residence an der Stroosbuerger Strooss géif no Damp richen.