Déi Chifferen deelt d'Familljeministesch op Basis vun enger entspriechender Fro vum Sven Clement vun de Piraten mat.

Et ass e Fakt - och zu Lëtzebuerg ass d'Aarmut e Sujet. Eurostat no, läit den Aarmutsrisiko viru sozialen Hëllefen a Subsiden bei 29%. Bei jonke Männer a Fraen ass dee Risk besonnesch héich. D'Heizen am Wanter stellt fir des Stéit dann och e Probleem duer, an d'Zuele vun den entspriechenden Hëllefen soe genuch: sou goufen zejoert vun den 30 Offices Sociaux ëmmerhi ronn 190.000 Euro un eng 410 Stéit am Land ausbezuelt, déi d'Käschte fir Elektresch, Gas oder Mazout net droe konnten.

Dee Chiffer deelt d'Familljeministesch op Basis vun enger entspriechender Fro vum Sven Clement vun de Piraten mat.

D'précarité énergétique ass also en Thema, a gëtt entspriechend an de Sozialbüroe vun de Gemengen traitéiert, wou d'Hëllefen decidéiert an ausbezuelt ginn.