Stuerm beschiedegt Zelt - Promoteur berouegt: "keng Contaminatioun"!
Zënter 2015 geréit d'Polvermillen ëmmer nees an d'Gespréich. Um fréieren Industrie-Site entsteet jo e ganz neie Quartier mat bis zu 600 Awunner.
Zënter 2015 geréit d'Polvermillen ëmmer nees an d'Gespréich. Um fréieren Industrie-Site entsteet e ganz neie Stater Quartier, mat bis zu 600 Awunner. Ier ka gebaut ginn, muss de Promoteur sech awer ëm d'Assainissement vum Areal bekëmmeren. Virun allem do, wou déi chemesch Botzerei stoung, si geféierlech Stoffer am Buedem, déi den Ament vun enger spezialiséierter Firma eliminéiert ginn. D'Aarbechte lafen ënnert engem groussen Zelt, fir dass d'Géigend ronderëm net soll belaascht ginn. A genee dat Zelt huet elo ferm ënnert dem Stuerm gelidden.
An der Nuecht op e Méindeg huet den Orkandéif Sabine en Deel vun der Installatioun lassgerappt, mam Resultat, dass elo muss gefleckt ginn, amplaz dass Camionen de verknaschte Buedem kënne fortféieren. D'Awunner goufen direkt moies iwwert de Virfall informéiert a berouegt: obschonns d'Zelt den Ament net méi dicht wier, kéime keng gëfteg Stoffer, Solvanten, eraus an d'Loft.
Well d'Leit ronderëm beim Chantier vun Ufank un Transparenz gefrot hunn, gëtt et reegelméisseg Echangen tëscht Promoteur an dem Interesseveräin. Net vu Muttwëll, a bei esou Aarbechte virun allem net op d'liicht Schëller ze huelen, insistéiert d'Malou Muschang, Presidentin vum Syndic:
"Aus dem Buedem gi verschidden héich kriibserreegend Stoffer erausgeholl, déi sech am Kontakt mat der Loft opléisen. All zwou Wochen kontaktéiert de Promoteur eis, mä d'Analyse si ganz schwéier ze verstoen".
E Méindeg de Moie gouf si dann och direkt vum belsche Promoteur Immobel a d'Bild gesat, et hätte sech Deeler vum Zelt lassgerappt, mä et géif keng Gefor fir Mënsch an Ëmwelt ginn. Illustréiert gouf d'Schreiwes mat Fotoen, déi d'Wäerter vum spezielle Moossapparat gewisen hunn. Op deene verschiddene Plazen, iwwerall "Null" Belaaschtung. Si géife reegelméisseg e puer mol am Dag d'Loft baussent dem Zelt kontrolléieren a banne géif stänneg gemooss, seet d'Firma déi sanéiert. Dat klengt alles u sech jo ganz gutt, ganz iwwerzeegt, ass d'Malou Muschang vum Interesseveräin Polvermillen dann awer net:
"Mir fillen eis net sécher a mir hunn als Syndicat no engem Plang B gefrot, fir de Fall wou eppes géif geschéien. Mir kréien zanter Jore gesot, och vun der Ëmweltverwaltung, dass alles honnert prozenteg sécher ass. Mir gesi jo elo wat geschitt ass: et ass näischt sécher!"
Immobel präziséiert eis géigeniwwer, dass esou e Plang B wierklech net néideg wier.