D'Ex-Büroe vun der Post zu Pärel, Réiser, Dippech an Nidderaanwen hunn de Besoine vum Fong allerdéngs net entsprach.

Et gouf an der Lescht vill iwwert si geschwat, elo gëtt et eng Decisioun. De Fonds du Logement huet déi fréier Postbüroe vu Réimech, Keel, Ëlwen, Esch-Sauer, Useldeng a Wecker iwwerholl, fir do subventionéiert Wunnengen, fir ze lounen, ze schafen. Dat äntwert de Logementsminister Henri Kox dem David Wagner op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum Deputéierte vun déi Lénk.

D'Ex-Büroe vun der Post zu Pärel, Réiser, Dippech an Nidderaanwen hunn de Besoine vum Fong dogéint net entsprach, sou de Minister.

De Moment si Gespréicher am Gaang tëscht dem Ministère, der Post an dem Fong, fir eventuell aner Objeten z'iwwerhuelen, an deene subventionéiert Wunnengen entstoe kéinten. De Logementsministère wär allzäit dozou entschloss, den ëffentlechen Immobiliëpatrimoine z'erhalen, wann een doraus dann am beschte Mietwunninge maache kéint.