Gloden: "Liewensqualitéit am ländleche Raum huet ofgeholl"

© Domingos Oliveira / RTL (Archiv)
An der Chamber goung et en Dënschdeg de Mëtteg ënnert anerem ëm d'Entwécklung am ländleche Raum, den CSV-Ost-Deputéierte Léon Gloden hat interpelléiert.
Hien huet a senger Interventioun betount, datt d'Liewensqualitéit am ländleche Raum ofgeholl huet. An de gréissere Stied gëtt nach eng Rei Service publiquen, Geschäfter, d'Post oder e Policekommissariat. An de klenge Stied dogéint gëtt et dat net méi. D'Regierung wier sech hei net bewosst, datt, wann een alles ofzitt, datt et zum Ausstierwe vum gesellschaftleche Liewen am ländleche Raum kënnt.
De Léon Gloden fuerdert e regionalpolitescht Ëmdenken an och de liberalen Deputéierten aus dem Norden, den André Bauler, ënnersträicht, datt ee mat deem traditionellen Zentrumsdenken muss ophalen.
De Mobilitéitsminister François Bausch huet ënnerstrach, datt Lëtzebuerg ee Land ass an dat den Norden an den Osten, wat d'Entwécklung betrëfft, a sengen Aen net benodeelegt ginn. Als Beispill hëlt hien déi 170 Milliounen Euro, déi an d'Gare zu Ettelbréck investéiert goufen ausgerechent op d'Awunner vun der Stad oder souguer vun der Nordstad. Dat géif een net wéinst dem stättesche Raum, der Haaptstad maachen, mä fir dat d'Nordstad eng Entwécklung soll kréien an d'Regioun soll dovunner profitéiere kënnen.
Aner Aspekter déi, nieft der Mobilitéit, an dëser Debatt dominéiert hunn, waren déi medezinesch Versuergung, d'Sécherheet an den Tourismus.