Um Freideg am Nomëtteg war tëscht dem Ausgang vu Waasserbëlleg an der Kräizung fir erop op d’Autobunn en Hang un d'Rutsche komm.

D'Strooss bleift bis de 27. Mäerz 2020 gespaart, sou d'Informatioun vu Ponts et Chaussées Gréiwemaacher via den ACL Trafic-Info.  D'Deviatioun geet weiderhin iwwert d'A1.

Den Hang gerëtscht. Um éischten Ament stellt ee sech do méi spektakulär Biller wéi dës vir. Den Detail weist awer kloer, datt den Ament weider déck Fielsbrocken am Hang iwwert der N10 hänken. Dofir gouf déi net onwichteg Streck tëscht Waasserbëlleg an der Opfaart fir op d'A1 erop, och virop aus Sécherheetsgrënn gespaart. Zum Gléck gouf e leschte Freideg kee Gefier getraff.

Spezial Leitplanken, Schutzwall mat décke Steng, stabil Dréit. Et ass net fir d'éischt, datt op dëser Plaz Äerdmassen a Beweegung kommen. Am Juni 2018 war et schonn zu engem änleche Virfall komm. Den Ursprong vum Problem ass dann och bekannt.

An de leschte Joren ass de Reen ëmmer méi intensiv ginn. Op engem kuerzen Zäitraum huet d'Intensitéit vum Reen zougeholl. Doduerch kann et zu sou Virfäll wéi deem e leschte Freideg bei Waasserbëlleg kommen. Elo soll d'Strooss nees sou séier wéi méiglech opgoen. Ma et mussen och méi laangfristeg Moossname geholl ginn. Dofir gouf d'lescht Joer eng Etüd an Optrag ginn. Déi soll geschwë fäerdeg sinn. Da gëtt e Projet, respektiv eng Ausschreiwung fir Aarbechten ausgeschafft, fir den Hang nach méi ze stabiliséieren, esou de Ralph di Marco vun de Ponts et Chaussées.

D'Sich no enger laangfristeger Léisung leeft. Wéi den Hang stabiliséiert ka ginn, wäert vun de Konklusioune vun der aktueller Etüd ofhänken. D'Stabiliséierungsaarbechten, déi dann ustinn, wäerte wuel op en Neits en Impakt op de Verkéier an a ronderëm Waasserbëlleg hunn.

Äerdrutsch op der N10
Onkommentéiert Videomaterial.