Wéi geet et mat der Schoul weider no der Ouschtervakanz? Decisioun nach dës Woch

"Bis spéitstens dëse Freideg wësse mer, wéi et mat der Schoul no der Ouschtervakanz viru geet." Dat huet den Educatiounsminister op Nofro hi confirméiert.
Et géif een den Ament u verschiddene Zenario schaffen a sech vu Gesondheetsexperte berode loossen.
Wéi leeft den Homeschooling? Analys vun engem RTL-Sondage vum Lynn Cruchten am RTL-Journal (No 8 Minutten 12 geet et un hei am Video)
Jiddereen: Elteren, Léierpersonal an och de Ministère hätten an dësen Zäite mat neien an exzeptionelle Mesuren ze kämpfen. Dat dës nach net fir jidderee Ronn lafen, wier ze verstoen a kaum iwwerraschend. Iwwer punktuell Verbesserungsméiglechkeete géif sech awer informéiert ginn, esou den Educatiounsminister.
“Fir ze wëssen, wéi d’Acteuren, d’Schüler, sou wéi och d’Enseignanten an d’Elteren, et erlieft hunn, wäerte mer haut och nach eng kéier jiddereen uschreiwen an en Sondage maachen, fir e Feedback ze kréien.”
Et wéilt een d’Elteren a Léierpersonal beschtméiglech op dat, wat no der Ouschtervakanz kënnt, preparéieren, egal op Dieren nees opginn, oder d’Schüler awer weider vun Doheem aus musse léieren. Ma et misst ee virun allem den individuelle Situatioune Rechnung droen.
“Et muss ee verstoen, datt et eng aner Situatioun ass, wann déi 2 Elterendeeler Doheem sinn an ee Kand am Fondamental ass, wat soll encadréiert ginn, ewéi wann een Elterendeel eleng Doheem ass, weider vun do muss schaffen an 3 Kanner, déi an 3 verschiddene Klasse sinn, huet.”
Esou individuell ewéi d’Situatioun Doheem ass, wieren och d’Schüler. Dofir wéilt een, vu Säite vum Ministère aus, keng breet an uniform Reegelen diktéieren. Den Enseignant wéisst am beschten, mat wat fir enge Mëttelen hir Schüler Eens ginn.
Fir d’Premièresexame ginn et iwwerdeems keng Nouvellen. Och wann eng Petitioun Stëmmen fir d’Ofsoe vun den Exame sammelt. Et géif een, fir den Ament, dovun ausgoen, datt och ënnert dësen exzeptionellen Ëmstänn d‘Premièresexame kéinten ofgehale ginn.
“Mir ginn haut dovun aus, datt mer ënner regulären, oder och vläicht exzeptionellen Ëmstänn, de Premièresexamen kënnen ofhalen. Momentan gesäit et jo och an anere Länner dono aus. An da kënnen mer och an engem regulären Delai, deenen déi et gepackt hunn, Premièresdiplomer mat an den Grapp ginn, fir datt déi sech kënne mat Zäiten op den Unien aschreiwen.”
Gewerkschaft vun Enseignante Fuerder "Manner ass méi"
Och wann ee vill Moyenen huet, fir aktuell mat de Kanner ze schaffen, gëtt den SNE ze bedenken, datt net all Famill doheem déi modern an digital Méiglechkeeten huet, fir d'Schoul doheem ideal ëmsetzen ze kënnen. Och schaffe vill Elteren nach, souguer der Situatioun geschëlt mat villen Iwwerstonnen, esou datt een hei e Gang misst zeréckfueren.
Et sollt een an dëser ongewéinlecher Situatioun den Elteren, Kanner an Enseignanten entgéint kommen, dofir fuerdert den SNE en Homeschooling mat Aemooss. Kanner sollen net all Dag an all Fach Aufgabe musse maachen. D'Offer soll un den neien an ongewéinlechen Dagesrhythmus ugepasst ginn. Och sollten d'Aufgabe méiglech sinn doheem ze maachen, ouni, datt zousätzlecht Material dofir muss kaf ginn.
D'Kanner an Elteren, wéi och d'Enseignanten, sollen net permanent an der "Schoul-Doheem-Situatioun" musse liewen an ëmmer online muss sinn. Dofir wier et an den Ae vun der Gewerkschaft wichteg, datt d'Schoulvakanz agehale gëtt an d'Kanner, d'Elteren an d'Léierpersonal zur Rou kënne kommen an d'Familljeliewe kënne genéissen.