Keng aner Regioun a Frankräich gouf esou staark vum Coronavirus getraff wéi de Grand Est.

An dat huet och een Afloss op den Alldag vun de Frontalieren an hire Lëtzebuerger Employeuren, déi elo ëmsou méi op Télétravail setzen. D'Grenz tëscht Lëtzebuerg a Frankräich war nach ni esou verloossen a roueg. Wärend nämlech puer Vereenzelter vun den 100.000 Frontalieren aus der Lorraine nach ëmmer op hir Aarbecht am Grand-Duché fueren, ass de Gros doheem a Quarantän.

Xavier

Dem Xavier Leuck säin Dag fänkt an dësen Zäiten ëmmer d'nämmlecht un. Éiert hie sech op de Wee a Richtung Aarbecht mécht, informéiert hie sech iwwert den aktuelle Stand vun der sanitärer Kris op der anerer Säit vun der Grenz. Hien ass nämlech Affekot a Frontalier – e schafft an der Stad Lëtzebuerg. Och wann d'Justiz den Ament quasi stëll steet, kënnt Télétravail fir de Xavier net a Fro. Déi ganz Bierger un Dossiere mat Heem ze brénge wier nämlech net méiglech. Also muss hie weiderhin op Lëtzebuerg a säi Cabinet fueren, mat den néidegen Attestatiounen an der Täsch.

Vue dass bal keng Zich méi fueren a fir de Risk vun enger Kontaminatioun kleng ze halen, huet de Xavier seng Gewunnechte radikal geännert. Hien hëlt vun elo un ëmmer den Auto. Fir säin Trajet brauch de Xavier soss 3 Mol sou laang wéi elo.

Vun den 200.000 Frontalieren, déi am Grand-Duché schaffen, ass de Xavier ee vun de wéinegen, déi sech nach all Dag bis op Lëtzebuerg deplacéieren. D'Grenz ass zwar nach ëmmer op, d'Stroossen a Stied awer si verlooss. De Gros vun den Awunner ass doheem. An och op de Bensinsstatioune gesäit ee kaum Clienten, an dat, obwuel d'Präisser esou niddreg si wéi fir d'Lescht viru 4 Joer. Séier mol iwwer d'Grenz tanken an akafe goen – déi Zäite si fir franséisch Frontalieren eriwwer.

Déi franséisch Police kontrolléiert op der Grenz, ob sech och jiddereen un d'Reegele vun der Quarantän hält. Vu ronn 60 Autoen, huet kee Chauffer misse verbaliséiert ginn. Am Contraire, si schwätze sech fir dës Kontrollen aus.

Alex

De Gros vun de Frontaliere bleift awer doheem, am Home Office. Si si weiderhin am Asaz fir hir Lëtzebuerger Entreprisen, sou wéi den Axel Wilmotte. Hie schafft als IT-Spezialist bei enger Firma am Grand-Duché an entdeckt elo fir d'éischte Kéier den Télétravail – an ass positiv iwwerrascht. Seng Aarbecht als Informatiker ass komplett ugepasst un déi nei Organisatioun. De Kontakt mat sengen Aarbechtskolleege leeft elo iwwer Video-Gespréicher.

Direkte Kontakt zu senger Ekipp a senge Lëtzebuerger Clienten huet den Axel zwar net méi, dofir awer ëmsou méi mat senger Famill, déi mat him a Quarantän ass. Aarbecht an Hausaufgabe ginn am nämmlechte Raum gemaach: an der Stuff. D'Famill Wilmotte huet doheem an der Quarantän hiren neie Rhythmus fonnt.

Gabriel a Magali

Ma aner Frontaliere wéi de Gabriel a seng Partnerin Magali hu komplett verschidde Rhythmussen. Hir Lëtzebuerger Employeuren hunn nämlech net déi selwecht Entscheedungen getraff. De Gabriel ass Sécherheetsmann a fiert weiderhin all Dag op Lëtzebuerg fir ze schaffen. D'Magali, wat dee nämmlechte Beruff huet, mä bei enger anerer Lëtzebuerger Firma, schafft net méi a muss doheem bleiwen, fir d'Ausbreedung vum Virus ze stoppen. Hire Betrib ass nämlech staark betraff vum Coronavirus. Ronn 40 Persoune sinn infizéiert, 6 sinn der am Spidol. D'Magali ass frou, doheem bleiwen ze kënnen, och wann de Gabriel e schlecht Gewëssen huet, fir hatt eleng ze loossen.

Déi 100.000 franséisch Frontalieren, déi wéi d'Magali, de Gabriel, Xavier an Axel zu Lëtzebuerg schaffen, hoffen, dass se geschwënn erëm hiren normalen Aktivitéiten an Aarbechte kënnen nogoen.

Eis Frontalieren aus der Lorraine, déi an der am stäerkste betraffener Zon vu Frankräich liewen, mussen d'Enn vun der Epidemie ofwaarden, fir hiren Alldag erëm ze fannen, op béide Säiten vun der Grenz. Wann d'Sécherheetsmesuren a Frankräich, esou wéi a Lëtzebuerg erëm opgehuewe ginn.