Déi sanitär Kris, déi mer aktuell am Land hunn, verlaangt alles vun eise Spideeler an dem Fleegepersonal of.

Wat genee zanter dem Corona-Virus geännert huet, wéi den Alldag ausgesäit a wat no der Kris ännere misst, doriwwer huet d’Claudia Kollwelter mat enger Infirmière geschwat.

Den Alldag vun enger Infirmière / Reportage C.Kollwelter

Et wier zimmlech laang nogekuckt ginn, ier eppes geschitt an éischt Decisiounen geholl goufen, seet d’Infirmière. Gutt preparéiert wier een an hiren Aen deemno net gewiescht.

An hirer Aarbecht hätt zanter Ufank Mäerz net extrem vill changéiert, vue datt si sech net ëm d’Corona-Patiente këmmert. An awer muss een och am Ëmgang mat deenen anere Patienten nach méi virsiichteg si wéi virdrun, well een einfach net zu 100% sécher kéint sinn, ob de Patient infizéiert wier oder net.

Hänn wäschen an desinfizéieren gehéiert souwisou zum Beruff dozou, ob an Zäiten vu Corona-Virus oder net.

Allerdéngs géif et, haaptsächlech wat d’Masken ugeet, e kloren Mangel u Material ginn. Déi, di nach zur Verfügung stinn, géife just an Ausnamefäll benotzt ginn an dat kéint einfach net sinn.

Ier de souzesoen normalen Alldag vun der Infirmière ufänkt, kritt si an der Entrée vum Spidol all Kéiers d’Temperatur gemooss a gëtt op méiglech Symptomer ënnersicht. An hiren Ae missten donieft beim Fleegepersonal méi Tester op den COVID-19 gemaach ginn aus dem einfache Grond, datt een och Porteur vum Virus kéint sinn, ouni Symptomer opzeweisen an een dësen dann onbewosst u vulnerabel a krank Leit iwwerdréit.

Vue datt d’Spidol jo soss fir jiddereen zou ass, d‘Patienten deemno och kee Besuch dierfe kréien, sinn d’Infirmièren dacks den eenzege soziale Kontakt fir d‘Leit. Et géif een also versichen, sou gutt d’Zäit et erlaabt, sech mat de Patienten ze ënnerhalen, fir datt se sech net sou eleng fillen.

Den Equipegeescht hätt bis ewell net ënnert dem COVID-19 gelidden, am Géigendeel souguer. Déi ganz Situatioun hätt een ënner Aarbechtskollegen nach méi zesummegeschweest.

Et wier och schéin ze gesinn, datt den eegene Beruff vun de Leit méi valoriséiert gëtt, woubäi d’Infirmière och hofft, datt dëst no der Kris och nach de Fall ass. Et wier e wonnerschéine Beruff, dee si fir näischt op der Welt tausche wéilt.