An den nächsten Deeg kucke mir wéi een Impakt de Coronavirus op d'Lëtzebuerger Betriber huet a wéi dës op d'Pandemie reagéieren.

24 Stonnen op 24, 7 Deeg op 7: Bei der Luxlait leeft d'Produktiounskette weider. Fir d'Geschäfter mat Mëllech, Botter a Jughurt ze beliwweren, si souguer Mataarbechter aus dem Congé zeréckkomm. Den Ament sinn eng 85% vum Personal um Dill, fir datt d'Produktioun leeft.

Bei der Luxlait leeft d'Produktioun op Volltouren
An den nächsten Deeg kucke mir an enger Serie wéi een Impakt de Coronavirus op d'Lëtzebuerger Betriber huet a wéi dës op d'Pandemie reagéieren.

"Ech si stolz, datt ech hei si fir ze hëllefen, datt d'Luxlait fonctionéiert. Datt all Mënsch seng Mëllech a seng Ram moies op den Dësch kritt", sou de Michel Bram, Mataarbechter an der Produktioun.

Fir datt et net zu Enkpäss kënnt, hunn d'Betriber aus dem Agro-Alimentaire, wéi d'Luxlait, hir intern Organisatioun ëmgestallt. Well am Beräich vum Horesca vill Betriber zou hunn, kommen natierlech vun do, kaum nach Bestellungen eran. Dogéint hätt d'Nofro an de Geschäfter kloer zougeholl.

"D'Produkter ginn e bësschen iwwerall a ganz Europa geliwwert. An der Situatioun, déi mer elo erliewen zu Lëtzebuerg an an Europa, ass eis absolut Prioritéit den nationale Marché. Datt kéngem Client eppes feelt", sou de Michael Matergia, Luxlait-Responsabele fir de Verkaf.

D'Kéi kennen de COVID-19 net. Dofir sinn d'Baueren och weider gefuerdert. Dag fir Dag gëtt weider eng hallef Millioun Liter Mëllech, eleng am Optrag vun der Luxlait, op den Häff agesammelt.

"Dofir hu mer eng Krisegestioun op d'Been gestallt. Dag fir Dag huele mer d'Organisatioun an der Fabrick nei op de Leescht. Andeems mer ons Ekippe sou opdeelen, ouni dat mer se iwwerbelaaschten", sou de Sébastien Herbulot, Responsabel fir Planning a Produktioun.

Fir d'Produktioun um Lafen ze halen, goufen d'sanitär Moossname verstäerkt, fir sou wäit wéi méiglech ze verhënneren, datt d'Personal sech mam Virus ustécht.

"Wa mer derzou bäidroe kënnen, fir d'Onsécherheet bei de Leit ze reduzéieren, andeems mer Basis Liewensmëttel wéi Mëllech, Botter, Jughurt produzéieren, dann hu mer schonn e klénge Bäitrag an dëser Kris geleescht", sou de Sébastien Herbot weider.

Anescht wéi an aneren Aktivitéitssecteuren ass dee vum Agro-Alimentaire den Ament staark gefuerdert, fir Basis Liewensmëttel ze liwweren.

"Hei spillt den nationalen Interessi. Et kann ee weeder Entreprisen am Beräich vun der Energieversuergung, nach aus dem Gesondheetsberäich stoppen. Dat gëllt och fir de Secteur vun der Liewensmëttelproduktioun", sou den Direkter vun der Luxlait, Gilles Gerard.

Den Ament ginn Dag fir Dag eng 80 Tonnen u Mëllechprodukter vum Rouscht aus an d'Lëtzebuerger Geschäfter geliwwert.