D'Gesondheetssystemer an Europa kommen duerch de Coronavirus un d'Struewelen. Ganz vill Länner a vulnerabel Mënsche brauchen elo Ënnerstëtzung.

D'Corona-Pandemie breet sech weider aus, an deem Kader huet MSF nei Projete lancéiert, fir och deene Leit kënnen ze hëllefen, déi manner Moyenen hunn. "Et ass eis Prioritéit, och de vulnerabelste Bevëlkerungsgruppe medezinesch Hëllef zoukommen ze loossen," sou den Dr. Guy Berchem, President vun MSF. An Europa kommen den Ament och déi gutt opgestallte Gesondheetssystemer duerch d'Pandemie un d'Struewelen De System ass iwwerfuerdert.

An deem Kader kréien net just Maisons de soins a verschiddene Länner méi Ënnerstëtzung, och vulnerabel Gruppen, wéi Sans-Abrien a Migranten, brauche méi Hëllef. An aneren Deeler vun der Welt, a Flüchtlingscampe zum Beipsill, géif ee sech Suerge maachen, wéi de Coronavirus sech auswierke kéint. Dës Mënsche liewen ënner schwierege Konditiounen a sinn extrem ufälleg fir Epidemien. Hiren Zougank zu medezinescher Hëllef ass immens ageschränkt.

A Länner, an deenen de Gesondheetssystem scho fragil ass, Burkina Faso oder den Niger zum Beispill, Länner, déi elo schonn eng héich Stierflechkeet duerch Malaria oder aner Epidemien opweisen, mussen nach aner preventiv Moossnamen ergraff ginn.

MSF gëtt zu 95 Prozent duerch privat Spende finanzéiert. An deem Kader lancéiere si den Opruff, en Don un den "Covid-19 Crisis Fund" ze maachen.