No den Onrouen am Prisong koum et zu engem Hongerstreik. Allerdéngs ginn et och positiv Nouvellen, dorënner déi, dass intern Schutzmaske gebitzt ginn.

An der Suite vun den Onrouen, d'lescht Woch zu Schraasseg, sinn eng 30 Prisonéier an den Hongerstreik getrueden, wouvun der e Méindeg ewell 7 domat opgehalen hunn: Dat sot den Direkter vun der Prisongsverwaltung eis op Nofro hin.

De Serge Legil huet erkläert, dass no den Onrouen an zwee Bléck vum Prisong ronn 40 Inhaftéierter an de sougenannte Régime séparé koumen, dee bis zu 30 Deeg dauere kéint. Wat d'Personal ugeet, ass d'Hallschent dovun an Dispens, aus ënnerschiddleche Grënn, z.B. wéinst Télétravail oder Vulnérabilitéit.

Positiv wär ënner anerem, sou den Direkter vun der Prisongsverwaltung, dass Zëmmere fir ze skypen ageriicht goufen an dass zanter en Donneschden d'Chefnéiesch a weiblech Prisonéier eng 60 Schutzmasken den Dag produzéieren. Déi gi fir d'éischt un d'Detenuen, woubäi alles, wat iwwer 500 Stéck eraus geet, an de Stock national kënnt.

"État de crise... och am Prisong!"

Sou ass iwwerdeems de jéngste Bréif vun der Associatioun "eran, eraus... an elo?" iwwerschriwwen, déi Leit regruppéiert, déi sech fir d'Justiz an de Strofvollzuch zu Lëtzebuerg interesséieren.

Dat Schreiwes war erausgaangen, ier et d'lescht Woch zu den Onrouen zu Schraasseg koum. D'Associatioun hat doran,  "déi richteg Mesurë" fir de Prisong gefuerdert.

Situatioun am Prisong / Reportage vum Eric Ewald

Ënnert anerem keng Aarbecht, kee Sport a keng Visitte géif bedeiten, dass eng grouss Zuel vu Prisonéier wéinst dem Coronavirus ganz isoléiert liewe misst, hält „eran, eraus... an elo?“ als ee vun de Problemer fest. Virun deem Hannergrond begréisst d'Associatioun, dass Paie weider bezuelt ginn, obwuel net méi dierft geschafft ginn. Als positiv gëtt donieft d'Moossnam ugesinn, dass d'Prisonéier iwwer Skype kënnen a Kontakt bleiwe mat hire Familljen. Et gëtt awer gefuerdert, dass doriwwer eraus den Telefon sou laang näischt soll kaschten, bis nees Visitten erlaabt sinn, well vläicht net jidderee skypë kéint. Dës Bedingungen an d'Angscht virun der Longekränkt géifen dann och op d'Stëmmung vun de Prisonéier drécken.
„eran, eraus... an elo?“ wërft donieft Froen zur sanitärer a medezinescher Versuergung zu Schraasseg op: Et freet ee sech z.B., ob d'Prisonéier Masken, Händschen oder Desinfektiounsmëttel kënne kréien, a wéi den Equipement vun de Giischtercher ass, fir e Verbreede vum COVID-19 ze verhënneren. Am Prisong géife vill vulnerabel Leit, ë.a. Drogenofhängeger an eeler Inhaftéiert, op ganz enkem Raum zesumme liewen. En Ausbreede vum Coronavirus am Prisong kéint dofir ganz schlëmm Konsequenzen hunn. Dofir wär ee frou gewuer ze ginn, wéi de CPL fir en Extremfall equipéiert an organiséiert ass, ob et do Beootmungsmaschinne gëtt an, sollt dat net de Fall sinn, ob e Prisonéier net dat selwecht Recht hätt, wéi all aner Persoun, fir an engem Spidol behandelt ze ginn.

Der Associatioun no misst alles ënnerholl ginn, fir de Prisong sou eidel wéi méiglech ze kréien. Et dierft beispillsweis de Moment keng Zell duebel beluecht sinn. Nëmme sou wär et méiglech, eng Katastroph ze verhënneren. D'Justizministesch Sam Tanson gëtt um Enn dozou opgeruff, ganz séier Mesuren z'ergräifen, fir eng sanitär Kris zu Schraasseg z'evitéieren.