D'RTL-Informatioune vun e Méindeg huet d'Chamber elo offiziell op hirem Facebook-Site confirméiert.

No der Ouschtervakanz ginn d'Plenière-Sëtzunge vum Parlament am Cercle Cité ofgehalen, dat wéinst dem Coronavirus. Dëst gouf och elo vun der Chamber selwer op Facebook confirméiert.

Hannergrond ass, datt den normale Plenarsall net grouss genuch ass an datt déi néideg Distanzen tëscht den Deputéierten net kënnen agehale ginn.

D'Propose, datt d'Chamber iwwergangsweis an de Cercle plënnert, hat d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer schonn de leschte Freideg an enger Reunioun vum Chamberbüro gemaach.

D'Servicer vun der Stad Lëtzebuerg koumen zur Conclusioun, datt et méiglech ass, de grousse Sall mat 60 Plazen z'amenagéieren, Plaz ass genuch disponibel, och mussen natierlech Kamera- an Enregistrementssystemer installéiert ginn.

Dësen Amenagement dierft no Ouschteren ofgeschloss sinn. Déi nächst regulär Plenar-Woch vun der Chamber ass fir d'läscht Woch Abrëll virgesinn - dës Woch kommen d'Deputéiert nach 2 Mol um Krautmaart beieneen, dëst an 3 getrennte Säll, fir d'Sécherheetsdistanzen ze halen.

Et ass iwwregens net fir d'éischt, datt d'Chamber vum Krautmaart an aner Lokalitéite plënnert; dëst war fir d'leschte Kéier tëscht 1995 a 1999 de Fall, wéi d'Deputéiert an der Stater Märei siegéiert haten.

Datt d'Parlament am Cercle op der Plëss beienee kënnt, ass iwwerdeem eng Première.

1909 war iwwerdeem de Cercle als "Stadpalais" inauguréiert ginn.

En Dënschdeg kommen d'Deputéiert nach an der normaler Chamber beieneen, awer verdeelt op op d'mannst 3 verschidde Säll. Och fir den néidegen Ofstand ze respektéieren. Um Ordre du jour stinn 3 Gesetzprojeten, een dovu soll de Betriber an der aktueller Kris hëllefen.

Fir d'Votte brauch sech kee méi ze deplacéieren, déi kënnen dës Kéier vun de Säll aus gemaach ginn.