De Mars Di Bartolomeo wollt vum Paulette Lenert wëssen, wéi et a puncto Medikamenter an Zäite vun Enkpäss opgrond vun der Corona-Kris ausgesäit.

Och wa verschidde Medikamenter net disponibel sinn, gouf d'Division de la pharmacie et des médicaments vun der Santésdirektioun net doriwwer informéiert, dass et wéinst dem Covid-19 zu enger Ënnerbriechung an der Versuergung koum.

Dat äntwert d'Gesondheetsministesch op eng parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo. Et kéint net ausgeschloss ginn, dass et zu Enkpäss an der Versuergung mat Medikamenter komme kéint, sou d'Paulette Lenert. De Moment wär och eng Analys vum Impakt vum Coronavirus op d'pharmazeutesch Versuergungsketten an der EU a virun allem op d'essentiell Medikamenter am Gaangen.