Beamte ginn an Zesummestouss verwéckelt, keng Persoun gouf blesséiert

© RTL Archiv
E Chauffeur wollt sech virun enger Kontroll vun der Police drécken an hat probéiert, virun der Police ze flüchten.
E Méindeg de Mueren um 11 Auer huet en Auto mat 3 Passagéier an der Diddenuewener Strooss an der Stad d'Opmierksamkeet vun de Beamten op sech gezunn. Grond fir déi gewollte Kontroll war, dass et hei méiglecherweis e Verstouss géint dat groussherzoglecht Reglement am Kader vun der Kris gouf.
Wéi d'Beamten den Auto ugehalen hunn an aus dem Déngschtwon geklomme sinn, huet sech de Won mat den 3 Verdächtegen aus dem Stëbs gemaach. Dobäi ass den Auto iwwert den Trottoire gefuer an huet geféierlech Manövere gemaach. An der rue dernier Sol ass den Auto dunn a geparkten Autoe gerannt, gouf zeréck op d'Strooss geschleidert a krut dobäi och de Won vun de Beamten ze paken.
De Chauffeur, dee probéiert huet fortzelafen a sech hefteg gewiert huet, gouf vun der Police dunn immobiliséiert.
Bei der Iwwerpréiwung vun de Personalien, huet sech erginn, dass d'Männer sech illegal am Land géifen ophalen a goufen op Uerder vum Parquet op den zoustännege Büro vum Ausseministère bruecht.