
Kréie mer op Nofro hin beim Staatsministère confirméiert.
Et gëtt do wichteg Parameteren, ewéi d’Entwécklung vun der Verbreedung vum Virus, d’Zuel vun den Infizéierten a virun allem d’Capacitéite vun eisem Gesondheetssystem, heescht et vun offizieller Säit. Mëttelfristeg kënnt och d’Fro vun der Immuniséierung vun der Populatioun derbäi.
An d’Regierung consideréiert an dësen Hypothesen och déi méiglech Schied, déi duerch de Confinement an der Gesellschaft kënnen entstoen.
Et gëtt den Ament mat Experten an an interministeriellen Aarbechtsgruppen ënnert der Direktioun vum Staatsministär an dem Gesondheetsministère mam Zil, Zeenarien opzestellen, wéi een an de nächsten Wochen weider agéiert. Dobäi gëllt et, e Maximum vun Informatiounen zesummenzedroen a sécherzestellen, dass een de Risiko fir d’Populatioun esou kleng ewéi méiglech hält.
D’Regierung huet sech d’Zil gesat, fir Mëtt Abrëll en éischte Plang fir eng schrëttweis Sortie aus dem Confinement ze presentéieren.
Anere Sourcen no huet notamment de Wirtschaftsministère vum Franz Fayot eng Etude bei Mc Kinsey an Optrag ginn, fir d'Zeenarien duerchzespillen, wéi d'Ekonomie no dem Etat de crise nees kéint un d'Rulle kommen.
D'Beruffs-Chambere goufen och ewell vun der Consulting-Firma an deem Sënn kontaktéiert an et gouf sech gesinn an zesumme beroden.
Den Etat de la Nation vum Staatsminister, deen iwwerdeem fir Abrëll oder Mee ugesat war, ass timingsméisseg an der Schwief - de Chamberbureau an d'Presidentekonferenz si sech net eens, ob et opportun ass, esou eng wichteg Deklaratioun wärend dem Etat de crise ze halen, oder eben grad dann.
