Coupe am FuttballDéifferdeng, Rodange, Rouspert an Nidderkuer stinn an den 1/2-Finallen

Jeff Birsens
E Mëttwoch den Owend goufen an der Coupe de Luxembourg all d'1/4-Finalle gespillt.

D'1/2-Finaliste vun der Coupe de Luxembourg dës Joer heeschen Déifferdeng, Nidderkuer, Rodange a Rouspert. Si konnte sech e Mëttwoch den Owend an de 1/4-Finallen duerchsetzen.

Den Titelverdeedeger Déifferdeng huet sech mat enger 2:0-Victoire géint de Racing fir déi nächst Ronn qualifizéiert. No enger enttäuschender éischter Hallschent ouni richteg Golchancë war d'Lokalekipp zu Uewerkuer nom Säitewiessel mat vill Schwong an déi zweet Hallschent gestart a konnt dann och den éischte Gol vun der Partie schéissen. An der 51. Minutt war et de Samir Hadji, dee vum Eelefmeterpunkt äiskal bliwwen ass. Duerno louch weider d'Spannung an der Loft, virun allem well de Racing net opginn huet. Mam zweete Gol vum Rafael Pinto kuerz viru Schluss war de Match dann awer entscheet.

Den Ticket fir d'1/2-Finall huet dann och de Progrès Nidderkuer mat enger 2:1-Victoire zu Biissen geléist. Och hei war déi éischt Hallschent ouni vill Héichpunkte bliwwen. No der Paus waren et dann den Omar Natami an den Ibrahim Baradji, déi mat zwee Goler bannent zwou Minutten de Progrès a Féierung bruecht hunn. Duerch e Selbstgol vum Alex Guett-Guett ass et fir déi lescht gutt 20 Minutten dann nach eemol spannend ginn, ma um Enn sollt et dem Progrès geléngen, déi knapp Féierung iwwert d'Zäit ze bréngen.

Fir béid Ekippen an der Éierepromotioun ass d'Aventure Coupe de Luxembourg dann eriwwer. Fir d'Escher Fola gouf et doheem eng 0:1-Defaite géint Rodange an d'US Feelen huet sech virun den eegene Spectateure misse mat 1:2 géint Rouspert geschloe ginn.


Den Iwwerbléck vun de Resultater

Back to Top
CIM LOGO